"Vanitas" - eng Expo vum Michel Medinger

© RTL
De Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger ass dëse Januar am Alter vun 83 Joer verstuerwen an hannerléisst eng grouss Sammlung un deels skurrillen a makabere Fotografien.
Am Kader vum Europäesche Mount vun der Fotografie gëtt elo en Deel vu senge Natures-mortes an Autoportraiten an der Villa Vauban ënnert dem Titel "Vanitas" ausgestallt. Dëst ass eng Expo, déi och schonn an enger änlecher Form 2024 um Foto Festival zu Arles gewise gouf.
Iwwer 40 Joer war de Michel Medinger als Fotograf aktiv an huet seng Fotoen nach selwer a senger privater Donkelkummer entwéckelt. Seng kënschtleresch Ufäng waren allerdéngs der klassescher Molerei gewidmet. Zesumme mat sengem Papp huet hien doheem Wierker vum Rembrandt ofgemoolt a sech fir d’Spill vun der Luucht interesséiert.
D’Luucht spillt och elo eng wichteg Roll am Michel Medinger senge Fotoen. Esou gëtt zum Beispill mat Schieter gespillt, oder duerch gewollt placéiert Luucht-Aflëss eenzel Detailer an de Vierdergrond bruecht.
An dëser Ausstellung fënnt een, wéi dat an der Vanitas-Konscht üblech ass, virun allem Motiver erëm, déi den Doud symboliséieren. Ma heefeg huet de Michel Medinger awer och Blummen als Motiv gewielt, fir esou un d’Spréchwuert "Memento mori" ze erënneren.
Nieft der Konscht huet de Michel Medinger sech och als Sportler versicht an ass esouguer 1964 als Mëttelstreckeleefer op der Olympiad zu Tokio ugetrueden. Seng sportlech Karriär hat och en Afloss op d’Aart a Weis, wéi hien als Kënschtler geschafft huet. Hie war e Perfektionist, deen esou laang u senge Kompositiounen dru bliwwen ass, bis dass se genau esou waren, wéi hie sech dat virgestallt huet.
Och wann de Michel Medinger näischt dem Zoufall iwwerloosse wollt, ass him dëst net ëmmer gelongen an doduerch sinn ëmmer erëm eenzegaarteg Fotografien entstanen, déi een an dëser Ausstellung bestaune kann.
Virun allem hat de Michel Medinger awer eng Virléift fir dat Makabert an huet sech am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi op d’Produktioun vu Vanitasse fokusséiert. Esou ass dofir och den Titel vun der Ausstellung an der Villa Vauban entstanen, ma dës gouf awer schonn an enger änlecher Form 2024 zu Arles gewisen.
D’Villa Vauban weist nieft hiren temporären Ausstellungen och ëmmer Molereien aus dem 18. a 19. Joerhonnert. Et huet sech also ugebueden, dem Rembrandt-interesséierte Michel Medinger seng Wierker hei zesumme mat klassesche Biller auszestellen. Eng Nature-morte vum franséische Kënschtler Ferdinand Heilbuth hänkt direkt nieft dem Medinger senge Wierker fir esou en Dialog tëschent deenen zwee Kënschtler ze kreéieren.
Dem Michel Medinger seng Konscht ass skurril, makaber an trëfft net onbedéngt jidderengem säi Goût. Trotzdeem konnt sech de Kënschtler a senger Liefzäit national, wéi och international e Numm maachen.
D’Ausstellung Vanitas kann ee nach bis de 15. Juni an d’Villa Vauban kucke goen.