Den US-amerikanesche Realisateur an Acteur reprochéiert der éisträichescher Zeitung, en Interview am Kader vu sengem 95. Gebuertsdag, erfonnt ze hunn.

"Ech ka confirméieren, dass ech 95 gi sinn. Ech kann och confirméieren, datt ech ni enger éisträichescher Zeitung mam Numm 'Kurier' en Interview ginn hunn", esou den Eastwood géigeniwwer US-Medien. Den Interview wier dem fënneffachen Oscar-Gewënner no "komplett erfonnt".

Den angeeblechen Interview ass vu villen US-Medien opgegraff ginn. De 95 Joer ale Realisateur soll an dësem de Manktem un neien Iddien an der Filmindustrie kritiséiert hunn. "Mir liewen an enger Ära vu Remakes a Franchises", zitéiert d'Zeitung de Clint Eastwood, dee weider betount, hie géif déi "al Zäite vermëssen", an deenen Dréibuchauteuren a klenge Bungalowe Filmer wéi "Casablanca" geschriwwen hätten. "Maach eppes Neies oder bleif doheem", esou nach en angeeblecht Zitat vum Clint Eastwood.

Der Noriichtenagence AFP géigeniwwer huet de Kurier matgedeelt, datt een de Virfall iwwerpréiwe géif.