Organisateuren: Tomorrowland soll egal wéi sinn, awer verschidden Zenarie si méiglech

© Michael Povoas
Nom Brand op der Haaptbün ginn et fir e Freideg zwou Méiglechkeeten, de Festival ze halen. En gëtt egal wéi net ofgesot.
D'Organisatiounsteam vum Tomorrowland-Festival an der Belsch huet um Donneschdegowend e Communiqué erausginn, an deem si confirméieren, dass den Event net ofgesot wäert ginn.
Iwwert de geneeën Oflaf vum Weekend ass ee sech awer nach net eens. Zanter Stonne gëtt dru geschafft, dass e Freideg d'Diere kënnen opgoen. Um Freidegmoie wäerte weider Detailer bekannt ginn. Bis dohi ginn et zwou verschidde Méiglechkeeten, wéi Tomorrowland 2025 wäert oflafen.
Zenario 1:
Wann d'Haaptbün mat Zäite reparéiert ka ginn, an de Beräich ronderëm all Sécherheetsstandarden erfëllt, ka wéi geplangt fir all Visiteuren a fir all Zort vun Tickete opgoen.
Zenario 2:
Sollt et net méiglech sinn, fir all d'Visiteuren eranzeloossen, wäerten DreamVille an den Terrain vum Festival als zwee verschidde Beräicher funktionéieren, fir d'Sécherheet vun de Leit ze garantéieren. An deem Fall:
- wäerten op der Gathering Stage am DreamVille d'Haaptartisten optrieden, déi fir e Freideg op der Haaptbün annoncéiert waren
- wäerte Visiteure vum DreamVille-Beräich net op den Terrain vum Festival dierfe goen
- wäert den Terrain vum Festival (ouni Mainstage) op si fir all Visiteuren (Friday Day Pass, Global Journey Hotel Packages a Full Madness Pass).
A béiden Zenarie wäerten d'Dieren um 14 Auer opgoen, an net wéi ursprénglech geplangt um 12 Auer.
D'Organisatioun hofft, dës Course géint d'Zäit ze gewannen, an dee beschtméigleche Programm ze bidden.