
Mee wat genau heescht dat? Heifir muss een zréck an d'1920er Joren, an déi Zäit an där den ungaresche Sproochfuerscher Richard Huss déi historesch Sourcë vum Lëtzebuergesche geschaaft huet, déi elo sollen ausgewäert ginn.
An de Joren 1924 a 1925, huet dëse Sproochfuerscher a ronn 250 Lëtzebuerger Gemenge Froebéi ausfëlle gelooss. D'Participanten hu misse 44 däitsch Sätz méiglechst lautgetrei op Lëtzebuerg nidderschreiwen. Zil war et d'Lëtzebuerger Dialektvariatioun z'analyséieren an doropshin e Sproochatlas z'entwéckelen. Dëst ass allerdéngs ni geschitt.
De Richard Huss huet zwar un Hand vun de Froebéi verschidden Analysen duerchgefouert an eng Rei Informatioune sinn och am Robert Bruch sengem "Luxemburgischer Sprachatlas" ze fannen, ma dee gréissten Deel vun dësem Sprooch-Schatz ass awer ni ausgewäert ginn an d'Froebéi ware laang Zäit verschwonnen.
Eréischt 2008 huet de Linguist Jean-Claude Muller dës an engem Archiv a Siebenbürgen per Zoufall erëm fonnt. Infolux huet doropshi Scans vun de Froebéi gemaach, déi och iwwert LinguRep ze fanne sinn. Am ganze sinn elo 252 Froebéi mat insgesamt 10.000 Sätz digital archivéiert.
Elo sicht Infolux no Participantë fir dem Richard Huss seng Aarbecht fäerdeg ze maachen an déi 252 Froebéi endlech systematesch auszewäerten. Dëst soll a Kooperatioun mam Forschungsinstitut Deutscher Sprachatlas vun der Universitéit Marburg geschéien. D'Froebéi goufen dofir an der sougenannter "Wenkerbogen-App" fir jiddereen accessibel gemaach.
Fir d'Transliteratioun, mussen déi handgeschriwwe Sätz elo eent zu eent ofgetippt ginn, dat an hirer phonetescher Schrëft. Wéi dat genau funktionéiert ass och um Site vun der Wenkerbogen-App erkläert. Vue dass iwwert déi Säit och nach ganz vill aner Sprooch-Projete lafen, muss ee fir d'éischt iwwert d'Kaart op d'Gebitt Lëtzebuerg goen an da gesäit een d'Froebéi iwwert d'Lëtzebuergescht a Form vun enger Lëscht fir se ze verschaffen.
All déi mat engem grénge Symbol goufe schonn transliteréiert, déi mat engem orangë nach net. Et soll een hei och oppassen, dass ee just déi Froebéi mat enger réimescher Ziffer um Ufank vun der Bogennummer transliteréiert, dat sinn déi vum Richard Huss.
Weider Informatiounen iwwert de Projet fannt Dir hei, oder um Site vun Infolux.