"KLACK" 260 vum 4. Abrëll 2020Asterix + Albert Uderzo

RTL Lëtzebuerg
1945 waren déi 30er Joergäng am Franséische schreckelch wäit hannendran – um Nullponkt – well d’Nazien et an der Schoul radikal verbueden haten.

Nach haut bewonneren ech (*1933) déi, déi äis dunn an dat Kulturstéck geféiert hunn, dat e wichtegt Element vun eisem ‚Sproochegesiicht‘ ass a bleift. Haut giff een deene Schoulmeeschteren a Proffen hir ‚Method‘ als Fach-Päerdskur kucken… mä si huet gegraff! Loosst mer léiwer keen zevill ‚katzege‘ Verglach mat der Schoulerei vun haut maachen, well da giffe mer knapps fäerdeg… an äis der e sëlleche ‚lueden‘. Erënnere kann ech mech ower, datt Kollegen zu Dikrech an der ‚Boulette‘ sech deemools d’Billergeschichten ‚TINTIN‘ konnte leeschten. Si hu mir se och alt geléint. An dem Hergé seng BD ass eng vun den Haaptwuerzele fir mäi Franséisch ginn… och wa knapps e Professer eppes dovu wollt wëssen; den ‚hellege Goedert‘ war Tromp, an et guffe kéipweis Textstécker aus ‚À l’ombre des ailes‘ vum Pérochon auswenneg opsoen a schreiwen ze léieren; wéi gesot: eng ‚Kur‘, mat deer si äis un d’Franséischt gebaatscht hunn. Falsch war net alles dodrun.

Mam Tintin krut een ower d’Gefill, datt d’Billergeschichten engem nieft deer dréchener Grammaire an deem lästegen Auswenneggebéchs äis eng praktesch Dier op d‘Sprooch kënnten opmaachen. Motivatioun! Och déi Generatioun no äis huet e gudde Batz vun hirem Franséisch aus BILLERGESCHICHTE matkritt, apaart dem Tintin an …dem Asterix, deen an de 50er Joere wéi eng Bomm ageschloen an och an Iwwersetzungen eng Weltcarrière gemaach huet. Gelungenerweis ass fir déi Billerbicher dacks ‚Micky-Maus‘ gesot ginn, bis de Begrëff ‚Bande dessinée‘, also BD, sech duerchgesat hat… ech giff BG op d’mannst esou gutt fannen. Duerch e flotten Zoufall ass et dann u mir gewiescht, 1987 en éischten Asterix op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen, dem ASTERIX SÄI JONG; den TINTIN guff mir duerno vun der Professesch Nelly Moia geroden… zugudderlescht hat ech dann 18 BDen iwwersat, bei déi koumen nach 30 léif Walt Disney - Albumen… domat hat eis Sprooch e weidere flotte Wee kritt, fir schrëftlech ënner d’Leit ze kommen; vläicht war et esouguer fir vill Jonker an Eelerer déi éischt Geleeënheet, fir hir Sprooch schrëftlech bausst all Schoul an Zwank ‚an d’Aen‘ ze kréien… hallo Soziopädagogik J.

Fir de ‚Bébé d’Astérix/dem Asterix säi Jong ze deefen, hat de Cactus, deen d‘Iwwersetzung deemools bei mir bestallt hat, sech den Albert UDERZO als Gaascht op d’Buerg (-Lënster) geleescht. E wonnerbaren Owend, mat engem ganz genëssege weltbekannten Auteur; e sympathesch einfachen a léiwe Mënsch, deen ech duerno nach besser kennegeléiert hunn. Hie gëtt bestëmmt net vergiess… a bleift e Frënd! Dofir hei dëst klengt Bild, op dat ech houfreg bleiwen a wéi Gold versuergen: o mei, ewell 33 Joer.

Pohunne-Sprooch!

Et geet net drëm, eppes fir oder géint d’Englescht ze hunn. Hei dréint et sech ëm déi Inflatioun vun Englesch, fir unzeginn, guttzemaachen, sech souzesoen ze bretzen. Kuckt dach emol nëmmen déi Reklammen, Titelen oder ganz englesch Sätz, déi – total iwwerflësseg – an der Press, op Schëlter oder Plakaten dorëmmer glënneren… a frot iech éierlech, ob dat wierklech muss sinn… a wat dat déngt.

Firwat solle mir eppes ‚boosten‘, woufir ‚ performen‘, oder eppes ‚downloaden‘ ? Dobäi gëtt sech dacks och emol d’Fro net gestallt, ob déi et verstin, fir déi et gemënzt ass. D’Haaptsaach schéngt ‚et mécht gutt‘. Dacks sinn et och nach gelungenerweis déi, déi sech iwwer eist ‚zevill‘ Franséisch dorëmmer opregen, déi mat deem ‚modernen‘ Englesch an der Sproochlandschaft wéitschen… zu deer d’Franséischt ower ganz normal gehéiert! Ass dat net vläicht emol eng ‚Iwwerleeërche‘ wert?

Maacht lues!

Dee Sätzelchen eeriicht op Däitsch ze iwwersetzen – machet leise – geet net, well et do en Ënnersched tëscht ‚leise/langsam‘ gëtt; deemno bei äis en typesch lëtzebuergesche Gebrauch! Scho gemierkt? Huet dir ewell dru geduecht, wéi mir op Lëtzebuergesch kënne ‚méi séier‘ maachen? ‚Fläiss dech-tommel dech-hou dech(net), maach virun, begann dech‘; do leit dir mat enger Wuert-fir-Wuert Iwwersetzung op Däitsch einfach nieft dem Dill! Ower dat sinn nun emol deer Beispiller, bei deene mir d’meescht net drun denken, datt eis Sprooch hiren klenge Pied trëppelt, gelldir. Dees hu mir kéipweis, esou wéi et an aneren Idiomen Ausdréck a ganz Sätz gëtt, déi sech einfach net wuertwiertlech an eng aner iwwerdroe loossen, a wou et da ‚lost in translation‘ heescht.

Et ass net fein, bei esou Saachen ëmmer direkt domat ze kommen, d‘Lëtzebuergesch wier dach ‚nëmmen‘ en Dialekt; gewëss et ass keng ‚Philosophen- oder héich Wëssenschaftssprooch, ower et brauch een d’Schniffchen net ze spëtzen, fir eisen Idiom als ‚kleng Sprooch‘ ze kucken. Si ass méi lieweg, wéi se jeemools war!

COVID-19 / CORONA

Wéi déi Saach sech entwéckelt, wéi se ausgeet, weess den Ament keen… Däiwel; nëmmen ‚Deen do uewen‘. Et ass engem ower, wéi wann et och nach anerer wéi déi schrecklech ekonomesch ‚Kollateralzoustänn‘ giff ginn: z.B. um Enn vum Joer e ‚Babyboom‘, leider och maandelweis Scheedungen an aner bedauerlech Situatiounen.

Zwou positiv Bemierkunge kënne mir ower hei maachen: d’Regierung a verschidden Administratioune gi méisproocheg Publikatiounen eraus… dat och op Lëtzebuergesch! En décke Bravo vun der Actioun-Lëtzebuergesch! Ganz bestëmmt kënnt eis Sprooch an dësen Zäiten och net schlecht um Internet an dem SMS ewech… et ass alt dat, gelldir. An dann nach eppes: Soll ee mam forcéierten ‚Doheembleiwen‘ net och emol vun der lëtzebuergescher Literatur an Iwwersetzunge profitéieren; deer gëtt et jo an alle Bicherbutteker ‚stellageweis‘… esouguer bei äis!

alt nees dees Typeschen

Mir ginn äis net, ëmmer erëm drun ze erënneren, watfir eiser ‚Bijouën‘ am Lëtzebuergesche stiechen… wat mir leider zevill vergiessen: Dir kaaft eng ‚Box‘; wann déi ze laang ass, da muss se ‚agehol‘ ginn; wat huet dat mam däitschen ‚einholen‘ ze dinn? Näischt, well dat heescht bei enger Course an eiser Sprooch ‚erëmkréien‘ (hallo TV!). Et soll een net ëmmer ‚am Läpp‘ dorëmmer lafen… vläicht och alt emol drun denken, datt dat typesch EISES an oniwwersetzbar ass, oder? Domat brauch ee jo och net den ‚Uz‘ ze maachen, well et ass jo net ‚plakeg‘, gelldir. Huet de Bréifdréier iech ewell e Bréif ‚zougestallt‘; da war en net vun hei, well dee ‚bréngt‘ en einfach. Dann iwwersetzt emol am Goethe seng Sprooch, et hätt een ‚eppes fäerdegbruecht‘; dat kascht Krämpes, nedir.

Dëslescht (!) huet e léiwe Frënd ugeruff, wéi ee fir Fësch geng soen, deen net ganz gebroden/ gekacht wier; glaseg? bluddeg? ...ech giff mengen, do hätt et ëmmer geheescht, dee wier ‚net ganz ‚duerch‘, wat iwregens och bei engem Rëndsbrot gesot gëtt, oder? Ass dat dann elo Däitsch? Do wier et dach genee esou dolaanscht, wéi wann ee giff froen, ob d’Gromperen ewell ‚mild‘ wieren J Mëll an der Bier… hätt de Grass och bestëmmt ni geschriwwen, oder? Héchstens ‚weich‘… wat am Lëtzebuergeschen, als ‚wech‘ alt erëm anescht gebraucht gëtt. An den nächste KLACKEN da weider mat deem Jabel.

Friesland?

Dëslescht war eng offiziell Delegatioun vu Leit aus dem nord-hollännesche Friesland hei, fir sech eng Nues iwwer eis Sproochlandschaft ze huelen. Den hollänneschen Ambassadeur hat fir déi Geleeënheet an seng Residenz op e ganz intressanten Owend mat lëtzebuerger Sproochleit geruff; de Regierungscommissär Marc Barthelemy an de Direkter vun eisem offizielle Sproochzenter Luc Marteling hunn dann do kloergemaach, wéi et bei äis an deer Saach steet: Et ass praktesch knapps e Verglach mat Friesland méiglech; mir sinn nun emol e souveräne Staat: si sinn zueleméisseg zwar an eisem Fall…mä prozentual keng 5% vun der nidderlännescher Populatioun. An deem Sënn ass d’Chance fir d’Lëtzebuergescht natierlech op eiser Säit! Iwregens ass engem deen Owend och opgaang, datt d’Friesescht ganz kloer e skandinavesche Wikinger-Hank huet: zum Dänesch- Islänneschen, dem Norwegeschen, dem Schwedeschen…mä grad wéi eis Sprooch sinn déi alleguer germanesch! Ower ‚mir‘ gehéieren zum mëttleren Deel dovun, dem Fränkeschen, an aus deem senger Mëtt, si zum ieweschte Germaneschen…dat zugudderlescht dann op déi britesch Insel iwwergesprong ass; well firwat heescht et ‚Angelsächsesch? Wou läit dann ‚Angeln/Sachsen‘? Héich intressant!

Leschten “Eis Sprooch mam Lex Roth”

Back to Top
CIM LOGO