Kultur trotz CoronaBook Spine Poetry: Gedichter mat Buchtitelen

RTL Lëtzebuerg
Wat ee mat Bicher alles maache kann! Souguer seng eege Gedichter kann een domat zesummestellen.

06/05/2020 Kultur trotz Corona: Book Spine Poetry

Book Spine Poetry, wiertlech iwwersat heescht dat “Buch-Récke-Poesie”. Dat hollännescht Wuert “Stapelgedicht” trëfft et villäicht souguer nach besser. D’Konzept ass einfach: et tässelt ee Bicher esou openeen, dass aus den Titelen e Gedicht oder e kuerzen Text entsteet.

Kléngt einfach, ganz esou evident ass et awer och net. Ëmmerhin soll dat Ganzt jo och optesch gutt ausgesinn, an do fënnt een heiansdo villäicht souguer e flotten Titel, deen dann awer um Buch selwer nëmme schlecht ze liesen ass. Et muss een sech dofir also e wéineg Zäit huelen, an et brauch een natierlech och genuch Bicher aus deenen een auswiele kann. Wann een awer bis ufänkt, da mécht et richteg Spaass. Dobäi sinn der Fantasie keng Grenze gesat.

Am méisproochege Lëtzebuerg huet een zudeem jo och Bicher a verschiddene Sproochen, sou dass ee säi Gedicht och gären emol op Franglëtzdelish schreiwe kann, oder an iergendenger Kombinatioun vu Sproochen, déi engem ebe geleefeg sinn. Oder an enger eenzeger Sprooch, grad esou wéi ee Loscht huet.

D’Anne-Marie Reuter vum englesch-sproochege Verlag Black Fountain Press a selwer Buch-Autorin, huet aus hirem Bicherschaf dëst Gedicht zesummegesat:

© Anne-Marie Reuter

Consider the Lobster
The green Knight
Machines like me
Girl, Woman, Other
Slow Man
Wild Child
Magnetosaurus Nostalgodon
The Madwoman in the Attic
All of us
On the Edge
Even the Dogs
Homesick for another World
Nested
Utterly Monkey
(found by Anne-Marie Reuter)

An den Tullio Forgiarini, Auteur vun “Amok” a Laureat vum Europäesche Literaturpräis huet dat heite fonnt:

© Tullio Forgiarini

Lune d’écarlate
Quand arrive la pénombre
Le vieux qui lisait des romans d’amour
Voyage au bout de la nuit
(found by Tullio Forgiarini)

© Tullio Forgiarini

Le monstre de la mémoire
Du plus loin de l’oubli
Un homme qui dort
Sur les ossements des morts
Une vie de cinéma
(found by Tullio Forgiarini)

© Tullio Forgiarini

Souvenirs dormants
Madame Bovary
Nue
Au piano
La position du tireur couché
(found by Tullio Forgiarini)

An hei mäin eegent klengt Gedicht:

© RTL/Bea Kneip

Ins Licht sehen
Picknick im Dunkeln
Der Geruch der Erde nach dem Regen
Die verbleibende Zeit
Eiszeit
Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht
D’Zukunft läit am Avenir!
(found by Bea Kneip)

© RTL/Bea Kneip

Fallender Himmel!
Morgen kommt ein neuer Himmel...
(found by Bea Kneip)

Villäicht sidd Dir jo och inspiréiert? Da schéckt eis Äert Gedicht als Commentaire eran.

Back to Top
CIM LOGO