
Nieft dem Australier, dee weltwäit an den Charts vertruede war an ass, dierf ee sech och op Optrëtter vum AARON HIBBELL, KAAZE, ÖWNBOSS, ZERB, QOBRA, WESH, DAISY, N4C a SHOWTEC freeën.

Natierlech gëtt um Belval och op Kënschtler aus dem Grand-Duché gesat, déi ginn awer eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt annoncéiert. Nieft der Ukënnegung vun 10 internationalen Artiste war dann och scho vun der Organisatioun gewuer ze ginn, datt d’Main Stage grad ewéi d’Techno Stage en neie Look kréien, datt et eng nei Chill-Out-Area gëtt an nei Animatiounen ugebuede ginn.
Sou wéi déi Jore virdrun, kann een och dëst Joer vun de sëllegen Navette fir op de Luxembourg Open Air profitéieren, déi och LOAvers aus Däitschland, der Belsch a Frankräich op Esch bréngen.
Tickete fir de Season Opening ginn et wéi gewinnt op der offizieller Internetsäit vum LOA a Kanner ënner 12 Joer, a Begleedung vun engem Erwuessenen, brauche keen Ticket.