Et war eng riseg Show mat enger opwänneger Bünegestaltung. Et war net nëmmen de Gesang vum Jason Derulo, dee seng Fans begeeschtert huet, ma och seng eenzegaarteg Danz, - an Entertainment-Performance. Hie war ëmgi vun Dänzerinnen an Dänzer, dorënner och de franséischen Dänzerduo “Les Twins”, déi no engem Concert vum Beyoncé viral gaange sinn. D’Bün huet sech iwwert déi knapp zwou Stonne vum Concert konstant transforméiert an huet all Lidd individuell ënnerstëtzt.
Mir haten den Jason Derulo kuerz viru sengem Optrëtt am Interview.
“Et ass ganz theatralesch Show. Se hëlt de Spectateur mat op eng emotional Achterbunn. Heiansdo kritt een Angscht, heiansdo kritt ee vill Danz-Zeenen, heiansdo gëtt et traureg, ma et gëtt awer och mat Momenter ganz sexy.”
Mat méi wéi 41 Millioune Follower op Plattforme wéi Instagram oder Youtube gehéiert den Jason Derulo nach ëmmer zu engem vun de berüümtste Sänger aus der haiteger Zäit.
“Ech schaffe gär mat verschiddene Plattformen. Ech hunn am Ganzen ëm déi 250 Millioune Follower, dat sinn enorm vill Leit. Virun der Pandemie hat ech mol kee Social Media. Ech hunn eréischt do domat ugefaange an dat huet mer nach méi eng grouss Bün ginn. Ech fannen et eng schéin Saach, well jiddweree kann dat kucken a sech doru bedeelegen. Et ass beräichiwwergräifend, well et ass net just fir Museker oder Schauspiller oder Modelen, mee jidderee kann dat maachen.”
Säin éischten Hit hat hien 2009 mam Song “Watcha Say”. Den éischten Album koum dunn 2010 eraus. Schonn zanter 17 Joer hält sech den US-amerikanesche Kënschtler mat haitianeschen Originnen an der Museksindustrie. Ëm déi 20 Hits vun him hunn et bis an d’Charts gepackt, dorënner 4 Nummer-1-Hits, wéi zum Beispill “In My Head” oder “Savage Love”. Mat sengem neie Lidd “Sexy for me” ass hien op TikTok viral gaangen an huet domat zwar kee klasseschen Chart-Hit kreéiert, ma éischter ee Social-Media-Hit.
Et kann een also soen, datt dem Jason Derulo de perfekt Spagat tëscht der klassescher Museksindustrie an der moderner Social-Media-Welt gegléckt ass an hien dofir och nach ëmmer ee grousse Public mat senger Konscht, beréieren a begeeschtere kann. Ma virun allem live op der Bün.