Festival OFF Avignon 2026Dräi Produktioune vertriede Lëtzebuerg zu Avignon

Isabelle Gillen
All Joer verwandelt sech déi franséisch Stad Avignon am Summer an en Zentrum fir Theater, Danz a Spectacle vivant. Lëtzebuerg ass och um Festival vertrueden an dëst Joer dierfen dräi Produktioune vu Frae matgoen.
De Festival OFF Avignong ass vum 4. bis de 25. Juli.
De Festival OFF Avignong ass vum 4. bis de 25. Juli.
© Festival Off Avignon

Wéi et am Pressecommuniqué vu Kultur | lx heescht, wier d’Lëtzebuerger Representatioun um Festival OFF Avignon 2026 besonnesch weiblech. Déi dräi selektionéiert Stécker si vu Frae produzéiert a setze Stëmmen an de Vierdergrond, déi sech mat aktuell relevanten Theemen auserneesetzen.

PDF: De Communiqué vu Kultur | lx

10 Produktioune ware fir de Festival zu Avignon bei Kultur | lx eragereecht ginn an déi heiten dräi goufe vun hirem Selektiounscomité ausgewielt an dierfen da vum 4. bis de 25. Juli bei der 60. Editioun vum Festival dobäi sinn.

Les jours de la lune vum Renelde Pierlot

Zeen aus dem Theaterstéck “Les jours de la lune”.
© Patrick Galbats

D‘Koproduktioun mam Escher Theater beschäftegt sech mam Thema Sexualitéit, e Sujet, dee jiddereen op der Welt betrëfft. Och d’Pubertéit, d’Menopause an d’Menstruatioun fannen an dësem Theaterstéck hir Plaz a gi vun dräi Fraen aus ënnerschiddleche Generatiounen an engem Mann op der Bün op eng ënnerhalsam an informativ Aart a Weis traitéiert. Ënnerluecht gëtt dat Ganzt mat reellen Temoignagë vun Doktere, Soziologen a méi. Am Escher Theater war Les jours de la lune am Februar a Mäerz 2025 ze gesinn.

Les glaces vum Rebecca Déraspe a Sophie Langevin

Zeen aus dem Theaterstéck “Les glaces” , dat am Escher Theater opgefouert gëtt.
© Patrick Galbats

Eng weider Produktioun aus dem Escher Theater a JUNCTiO, déi beim Festivall OFF Avignon dobäi wäert sinn, ass Les glaces. D’Theaterstéck, wat 2023 am Québec als beschten Drama ausgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema Vergewaltegung. Nodeems dem Noémie säi Fils accuséiert gëtt, e Viol begaangen ze hunn, begeet si eng Rees an d’Vergaangenheet an trëfft sech mam Vincent a Sébastien, zwee Kolleegen aus hirer Kandheet, déi si an hirer eegener Jugend sexuell aggresséiert hunn. Am Oktober 2024 war d’Produktioun zu Lëtzebuerg ze gesinn a wäert dann elo zu Avignon säi Retour feieren.

Une rose plus rouge vum Christine Muller

Zeen aus “Une rose plus rouge”.
© Charles Honorat

Une rose plus rouge baséiert op der skandinavescher BD vum Liv Strömquist an illustréiert déi onsiichtbar Gewaltdoten, déi a ville moderne Bezéiungen ze fanne sinn. Dat alles um Beispill vun der Haaptprotagonistin Diane, déi hir richteg Plaz am Liewen nach net fonnt huet an tëschent Ecranen a reellen Treffen hin an hier spréngt a vun alle Säite beaflosst gëtt. Am Theaterstéck komme Schauspillerei a Performance zesumme, fir d’Absurditéit an d’Fragilitéit vun eise sentimentale Ritualer duerzestellen. Am Mäerz 2025 war RTL bei de Prouwe vum Theaterstéck am TNL dobäi.

De Festival OFF Avignon 2026 ass vum 4. bis 25. Juli. De komplette Programm ass nach net bekannt. Eent ass awer kloer: Bei engem ronne 60. Gebuertsdag kann ee sech op eng ganz besonnesch Editioun freeën.

Back to Top
CIM LOGO