Kultur trotz CoronaDen Dag vum Buch a vum Droit d'Auteur

RTL Lëtzebuerg
Haut ass den internationalen Dag vum Buch an dat gëtt natierlech och an eiser Kultur-Rubrik gefeiert!

.

Den internationalen Dag vum Buch

© BNL

Bal wier näischt draus ginn! Awer wéi esou vill aner kulturell Evenementer, ass och den internationalen Dag vum Buch an déi virtuell Welt ausgewandert. An et ass ganz wichteg, dass den Datum vum 23. Abrëll net ënnert den Dësch fale gelooss gëtt, sou d’Christine Kremer vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Méi iwwert d’Konzept an de Programm vun dësem Dag, deen ënnert dem Motto “New beginnings - en neien Ufank” steet, héiert Dir tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.

De Link op de Programm vum internationalen Dag vum Buch

Liesungen op Youtube

Och d’Liesunge sinn dëser Deeg all ofgesot...géif ee mengen! Och hei geet et awer duer, e Bléck op den Internet ze geheien. D’Editions Schortgen zum Beispill hu rezent zwou Liesunge vu Lëtzebuerger Auteuren op hiren Youtube-Kanal eropgelueden. De Fuuss an de roude Léiw ass eng Erzielung fir Kanner a Jugendlecher. Den Auteur Thierry Hirsch liest doraus, iwwerdeems een am Hannergrond déi exzellent Illustratiounen vun der Rasha Sawas bewonnere kann.

Ganz nei, hot off the press, souzesoen ass dem Joseph Kayser säin neit Buch “Gleef net, wat d’Fréijoer dir versprécht” Haaptpersoun ass den Arthur deen net nëmmen eleng lieft, mä och eleng schafft, op enger Bank.

Echo, wat hues du nees gestiicht?

Och fir Kanner ass eppes dobäi. Zum Beispill e Video an der d’Kannerbuch-Autorin Sylvie Collignon-Mathieu aus engem vun hire Bicher virliest. Den Titel: Echo, wat hues du nees gestiicht?

Charly’s colouring book - Luxembourg edition

© Charles Peters

Dee klenge Fuuss Charly kennt Dir villäicht schonn aus de Kannerbicher " De Charly a seng kleng Frënn” an “De Charly a seng grouss Frënn”. Elo geet de Charly op den Tour duerch Stad a Land, vun der Musel bis op Klierf. An d’Kanner dierfe matkommen!

An dem neie Molbuch ginn et 60 Säiten fir faarweg auszemolen, an esou eist Land z’entdecken. D’Molbuch mam Titel “Charly’s colouring book - Luxembourg edition” ass zweesproocheg, Lëtzebuergesch an Englesch. Gezeechent goufen de Charly a seng Frënn vum Charles Peters, méi Detailer gëtt et op www.charlybooks.com

De Link op de Site vun Charlybooks

Corona Literature

An zu gudder Lescht gëtt et nach e bësse “Corona Literature”. Dëse Projet, dee vun der Sandra Schmit an d’Liewe geruff gouf, regroupéiert Texter vu bekannten Auteuren, déi sech vun der aktueller Corona-Kris inspiréiere gelooss hunn. Josiane Kartheiser, Wendy Winn oder och nach den Nico Helminger, dëse garantéiert vire-fräie Literaturgenoss fannt Dir op www.coronaliterature.eu

De Link op de Site vu Corona Literature

Back to Top
CIM LOGO