
Viru Corona waren zu Frankfurt op der Buchmesse eppes iwwer 300.000 Visiteure gezielt ginn.
“Translate, Transfer, Transform”, ënnert dësem Motto steet déi 74. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse, déi en Dënschden den Owend offiziell ugefaangen huet, a Präsenz vun der spuenescher Kinnekskoppel. Aus guddem Grond, well Spuenien ass dëst Joer Éieregaascht. “Iwwersetzen” ass dat zentraalt Thema vun dëser Buchmesse, déi jo ëmmer och e Forum fir den Handel mat Literaturrechter ass. Iwwer 4.000 Aussteller aus allen Härelänner sinn zu Frankfurt, dat sinn der bal duebel esou vill wéi d’lescht Joer, wou déi weltbekannt Bicherfoire jo wéinst Corona méi kleng ausgefall war.
Déi bekannte spuenesch Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero ass frou nees zu Frankfurt dobäi ze sinn:
Rosa Montero:Dat beréiert mech immens staark, well en plus war ech 1991, virun 31 Joer, hei zu Frankfurt dobäi, deemols war Spuenien och schon Éieregaascht. Ech gesinn den Ënnerscheed tëscht der Zäit deemols an haut. Deemols ware mir bei wäotem net zu esou vill déi heihinner komm sinn. Dës Kéier ass et spektakulär, et sinn eng 200 Schrëftsteller(innen) déi di ganz Vitalitéit vun der spuenescher Literatur weisen. Mir sinn an enger ganz staarker Epoch fir déi spuenesch Literatur, mat ville verschiddene literareschen Approchen, ganz vill jonk Leit, Männer a Fraen - vill ganz interessant jonk Fraen- an et beréiert mech besonnesch fir dëse Krees ze schléissen, vu virun 31 Joer bis elo. Ech mengen, déi literaresch Kraaft ass gewuess, wa mir dat kënne eriwwerbréngen, fir déi Visibilitéit z’erreechen déi ech mengen dass mir als (spuenesch) Literatur verdéngen.
Mat dobäi och de Stand vu Kultur/lx, op dem Bicher vu Lëtzebuerger Editeuren ze fanne sinn. E Lëtzebuerger Stand dee sech am Verglach zum leschte Joer e bësse verännert huet, wéi de Brian Bailey vu Kultur/lx erkläert:
De Stand vu Kultur/lx ass an der Hal 3.
Dëst Joer sinn och vill Auteuren aus der Ukrain op Besuch, dorënner bekannten Nimm wéi de Juri Andruchowytsch, dee säin neie Roman “Radio Nacht” virgestallt huet, oder de Serhij Zadan, deen zu Frankfurt de “Friedenspreis des deutschen Buchhandels” entgéinthuele wäert. Um Stand vum Diogenes Verlag konnte mir mam Schrëftsteller Andrej Kurkow schwätzen, deem säi Roman “Samson und Nadjeschda” elo just op Däitsch erauskomm ass. Allerdéngs schwätzen déi ukrainesch Auteure momentan net esou vill iwwer Bicher, wéi iwwer déi aktuell Situatioun an hirem Land:
Andrej Kurkow:“Déi aktuell Situatioun ass elo méi wichteg wéi d’Literatur. Déi ukrainesch Auteuren schwätzen iwwert de Krich, net iwwer hir Bicher, an dat ass normal esou. Ech si frou, dass esou vill ukrainesch Auteuren an Editeuren op Frankfurt komm sinn, an et gi vill Evenementer um ukrainesche Stand organiséiert. An natierlech geet et haaptsächlech ëm d’Ukrain, de Krich an d’Zukunft vum Land.”
D’Frankfurter Buchmesse ass nach bis e Sonndeg 23. Oktober op.
