
Hiert meescht gelauschtert Lidd op Spotify heescht “Fighting Mirrors” an ass mat iwwer 2,3 Millioune Streams ganz héich op der Beléiftheetslëscht. Ma och soss knackt den DJ- a Produzenten-Duo reegelméisseg d’Millioune-Streams.
“Ech erënnere mech gutt un déi éischt Kéier, wéi mir d’Millioun Streams erreecht hunn”, laacht de Filippo. “Mir wosste jo, dass et deemnächst sou wäit wier, mä mir wossten net genau wéini, dat heescht ech hunn zwou Wochen do virdrun ugefaangen, all Dag d’Streams ze checken. Wéi et sou wäit war, hate mir all d’Visuals fir eis sozial Medien a sou prett. Dat war schonn e grousse Moment fir eis.” (iwwersat aus dem Franséischen)

Mat esou vill Succès ass et jo och kee Wonner, dass och gréisser DJen am Ausland hir Tracks reegelméisseg ënnerstëtzen. Sou hunn, ënner anerem, de Martin Garrix, Tiësto, Lost Frequencies an Dimitri Vegas & Like Mike, deenen zwee hire Support scho gewisen.
Souwuel de Filippo wéi och den Nelson hunn e musikaleschen Hannergrond. Wärend den Nelson eng Ausbildung am Conservatoire matgemaach huet, huet de Filippo am Electro-Dupstep-Beräich ugefaangen ze produzéieren. Kenne geléiert hu si sech duerch dem Filippo säi Brudder. Wéi de Filippo dunn a Mailand geplënnert ass, fir ze studéieren, huet sech hire musikalesche Projet konkretiséiert, ënnert dem Titel “Iceleak”.
“Ech wollt een Numm, deen einfach ass an nach keen huet, fir dass et zu kenge Problemer duerno kënnt”, erkläert de Filippo. “Also hunn ech mech zwee Méint laang op e Site ageloggt, dee Wiederkombinatioune generéiert, an hunn ëmmer rëm op ‘generate’ gedréckt, bis ‘Iceleak’ um Ecran opgedaucht ass.” (iwwersat aus dem Franséischen)
Méi Informatiounen zu Iceleak an hiren aktuelle Projet fënnt een hei.

DJ-Serie (1): Ariel
DJ-Serie (2): Samwell
DJ-Serie (3): Rick&Rough
DJ-Serie (4): NOSI
DJ-Serie (5): Maximillion
DJ-Serie (6): Mathias Treinen
DJ-Serie (7): CDRIC
DJ-Serie (8): Master Error
DJ-Serie (9): Rec-Two
DJ-Serie (10): WazToo
DJ-Serie (12): Fais Le Beau
DJ-Serie (13): ShaCha
DJ-Serie (14): Netty Hugo