e-Lake 2026Lugatti & 9ine, Moop Mama, Marlo a Schëppe Siwen um Line-up

RTL Lëtzebuerg
Vum 7. bis den 9. August gëtt et nees musikalesch um Iechternach Séi. En Donneschdeg gouf de Line-up vum Gratis-Festival annoncéiert.
© e-lake

Um Freideg gëtt den Optakt mat nationalen an internationale Kënschtler gemaach. Wien an der däitscher Hip-Hop-Zeen doheem ass, deem wäert de Kölner Rapduo Lugatti & 9ine sécherlech e Begrëff sinn. Och de Punkgrupp Rogers vun Düsseldorf ass dobäi, genee sou wéi d'Münchener "Urban Brass"-Band Moop Mama. Op Lëtzebuerger Säit kann ee sech op Optrëtter vun De Läb, T the Boss, Marcy, Hunneg-Strëpp a méi freeën.

De Samschdeg steet da wéi gewinnt ganz am Zeeche vun der elektronescher Musek, mat internationalen Artiste wéi dem australeschen DJ Marlo an der hollännescher DJane VE/RA. Ma och Lëtzebuerg ass nees mam Duo Netty Hugo oder WAZTOO vertrueden. 16 vun den 23 Acts vun e Samschdeg kommen aus Lëtzebuerg, woumat den e-lake och dëst Joer nees säin Engagement fir déi lokal Musekszeen ënnersträicht.

De Sonndeg ass dann traditionell der Lëtzebuerger Musek gewidmet. Hei kënnen d'Leit sech ënner anerem op Schëppe Siwen, The Disliked, Max Feller & d'Museksmécher an de Mambo Schinki freeën.

De Bus- an Navettesystem wäert weider optiméiert ginn, fir eng Sécher U- an Heemrees ze garantéieren. Wéi ëmmer ass d'Entrée gratis.

De ganze Line-up an den Detail iwwer den e-Lake 2026 fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO