
Et wieren an de leschte Joer mol Reklamatioune par rapport zum Dokter Wilmes bei der Patientevertriedung era komm, mee net an deem heite Mooss, huet de René Pizzaferri betount. Dossier fir Dossier misst elo analyséiert ginn. D’Patientinnen a Patienten, déi sech bei hinne gemellt hunn, hunn déi nämmlecht Zweiwel par Rapport zur Interventioun vum Dr Wilmes, erkläert de René Pizzaferri:
“Dat, wat operéiert ginn ass, hätt entweeder net sollen operéiert ginn oder et ass schlecht operéiert ginn. Awer dat weess een net genau. Duerfir muss een eng medezinesch Expertis maachen, fir dat festzestellen. Mir kënnen elo net soen, do si 35 Mol Feeler gemaach ginn. Duerfir ass jo eng Expertegrupp do, déi soll genannt ginn elo, fir dat festzestellen.”
Nach wier ee bei der Patientevertriedung net dozou komm, déi 35 Dossieren am Detail ze analyséieren. All eenzelne Patient muss perséinlech kontaktéiert ginn, et gëtt e Gespréich mat der betraffener Persoun gefouert an d’Patientevertriedung brauch dann och den Dossier vum Spidol mat deem, wat gemaach gouf:
“An Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère an dem Collège médical, musse mer zesumme kommen, fir d’Dossieren ze kucken, an da gi se weider an den Expertegrupp geholl. Wann d’Dossiere komplett sinn, wann d’Radiografien an alles do wier, misst et jo normalerweis séier goen.”
Mam Dokter Wilmes oder dem Kierchbierger Spidol ass d’Patientevertriedung awer net a Kontakt, huet de President René Pizzaferri nach betount. Méi generell huet hien am RTL Interview erkläert, datt een esou Fäll wéi deen heite vun Zäit zu Zäit hätt an dann och intervenéiere géif an d’Patienten dann entweder indemniséiert géife ginn, oder hir Behandlung, wann da méiglech, korrigéiert géif ginn.