"How to divorce during the war"Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt Präis fir bescht Mise en scène um Sundance-Filmfestival an den USA

RTL Lëtzebuerg
Dës Koproduktioun mat Lëtzebuerg huet um Sundance-Filmfestival zu Park City de "Prix de la meilleure mise en scène" an der Kategorie "World Cinema Dramatic Competition" gewonnen.
© Instagram

De Film gouf vum litauesche Regisseur Andrius Blaževičius realiséiert a zu Lëtzebuerg vun Red Lion koproduzéiert, zesumme mat Partneren aus Litauen, Irland an Tschechien.

D’Produktioun ass staark international opgestallt an zielt och vill Lëtzebuerger Fachleit an der Crew, souwéi d’Lëtzbuerger Actrice Gintare Parulyte an enger Roll.

De Film spillt zu Vilnius am Joer 2022 a verbënnt d’Geschicht vun enger Scheedung mat der Realitéit vum Krich an der Flüchtlingskris. Thematiséiert ginn ënner anerem Polariséierung, Radikaliséierung an d’Spannung tëscht perséinlechem Komfort a kollektiver Verantwortung. De Präis ënnersträicht d’Qualitéit an déi international Ausstralung vun audiovisuelle Projeten, déi vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt ginn.

D’Editioun 2026 war gläichzäiteg déi lescht vum Sundance Festival zu Park City. Vun 2027 u ass de Festival zu Boulder am Colorado.

Back to Top
CIM LOGO