PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Gast Mannes iwwer d'Expo "James Joyce zu Lëtzbeuerg" an der BNL.

Datt de Victor Hugo eng Zäit zu Lëtzebuerg war, ass gewosst an zu Veianen dokumentéiert, datt de Goethe duerch Lëtzebuerg gereest ass, kann een um Bockfiels liesen. Nach eng Rei aner grouss Schrëftsteller hunn an eisem Land mol Statioun gemaach. Bis ewell war awer nach quasi näischt bekannt driwwer, datt de wuel gréissten ireschen Auteur James Joyce 1934 eng Woch an der Stad verbruecht huet.

Podpurri Episod 72: De Gast Mannes

Dovunner ginn et och Dokumenter. Déi huet de fréieren Däitschproff a Literatur-Historiker Gast Mannes an enger richteger Detektiv-Aarbecht iwwer déi lescht Joren zesummegesicht. Dobäi ass hien Intressantes gewuer ginn: firwat den Joyce hei war, wat e warscheinlech hei erlieft huet am "lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe", wien den Armand Petitjean war a wat säi Fils George mat Radio Luxembourg ze dinn hat.

RTL

Mattsen an der Expo an der Nationalbibliotéik huet de Gast Mannes dem Christiane Kremer intressant Anekdoten a Geschichten erzielt iwwer seng Recherchen an den Opbau vun der Ausstellung. 
Si dauert nach bis den 10. September.

RTL

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL