
Nom Lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz ass een dozou verflicht seng Kaz kastréieren an chippen ze loosse soubal dës eraus geet. Ma leider gëtt dat awer dacks net respektéiert. D’Lëtzebuerger Déiereschutzliga huet dann elo eng national Campagne lancéiert, bei där et drëms gee, d’Leit zum Thema ze sensibiliséieren. Loïc Feltgen:
“Den Haaptpunkt ass kloer d’Kastratioun, well mir hei zu Lëtzebuerg nach wie vor eng immens grouss Populatioun vu verwëlderte Kazen hunn, dat heescht Kazen, déi dobaussen ouni Proprietär liewen. A soulaang wéi déi Déieren eeben net kastréiert sinn, gëtt sech onkontrolléiert weider vermehrt an déi Populatioun wiisst eben ëmmer weider. An deene Populatiounen ass et eebe sou, dass doduerch, dass et sou vill Déiere sinn, leide se gäre mol Honger, si hu ganz oft Problemer mat Krankheeten, Infektiounen a sou weider. Et gëtt immens vill Revéierkämpf a sou, an et ass halt wierklech kee schéint Liewe, wat déi Déieren dobäi sou féieren.”
An dat läit eben dacks dorunner, dass déi Kazen entweeder net gechippt sinn oder wa se da gechippt sinn, den Chip net richteg agedroe gouf.
“Et ass nämlech sou, dass mir vun deene Kazen, déi mir ranhuelen, e ganz groussen Deel dovunner fonnt Kazen sinn, dat heescht Kazen, déi iergendwou opgeraf gi sinn. Wa mer dat lo mol an Zuele paken, dat waren lescht Joer vun deene 414 Kazen 217, déi eebe fonnt gi sinn a vun deene fonnte Kazen hunn der awer just 42 erëm de Wee zréck bei de Proprietär fonnt.”
Wärend der Campagne, also nach bis Ufank Mäerz gëtt et vum Gaasperecher Déierenasyl iwwregens och eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Kastratioun:
“Fir, soe mer mol d’Leit e bëssen ze motivéieren, grad eebe Kaze mat Besëtzer, dass déi och kastréiert ginn, ier se dobaussen an de Fräilaf kënnen, bidde mir de Leit e Voucher iwwer honnert Euro un, fir eeben d’Déiere kastréieren ze loossen. Dee Voucher, dee kann een op eiser Internetsäit eroflueden, dat ass immens einfach an dee kënnt da per E-Mail innerhalb vun enger Minutt bei de Leit un. Déi Vouchere kann ee beim Veterinär ofginn. D’Veterinären halen déi honnert Euro vun der Rechnung of a si selwer këmmere sech drëm fir d’Sue bei eis a Recours ze huelen.”
Wat déi verwëldert Kazen uginn, kann een déi bei der Lëtzebuerger Déiereschutzliga mellen, dat via e Formulaire op hirem Internetsite.