Deeglaang ouni Waasser a Fudder31 Bréifdauwen an zwou Kanéngercher an Däitschland erdiischtert

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Erfurt huet sech e Besëtzer vu Bréifdauwen a Kanéngercher bei der Hëtzt deeglaang net ëm seng Déiere gekëmmert. 93 Dauwe konnte gerett ginn, fir déi aner Déiere koum d'Hëllef ze spéit.
Bréifdauw op engem Villerchersmaart an der Tierkei
Bréifdauw op engem Villerchersmaart an der Tierkei
© BEKIR CAN SAGLAM/Anadolu via AFP

Zu Erfurt huet d'Veterinärsautoritéit 93 Bréifdauwe virum Erdiischtere gerett. D'Déiere waren an der Hëtztwell deeglaang ouni Waasser a Fudder sech selwer iwwerlooss, wéi d'Landeshaapstad vum Bundesland Thüringen en Dënschdeg mellt. Deemno war den Asaz e Méindeg an engem Gaart am Quartier Marbach. D'Dauwe wieren agefaangen an an en Déierenasyl bruecht ginn. Dräi Klenger goufen iwwer vun enger Fleegestell vum Dauweveräin opgeholl.

Fir 31 weider Bréifdauwen an zwou Kanéngercher koum all Hëllef ze spéit, si ware schonn dout. Den Ermëttlungen no soll de Besëtzer sech deeglaang net ëm seng Déiere gekëmmert hunn. Géint hie gouf Plainte wéinst dem Verdacht vun engem Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz gemaach.

Back to Top
CIM LOGO