
Bei enger Visitt vun der staatlecher Pisciculture zu Lëntgen hunn den Ëmweltminister Serge Wilmes an den europäesche Kommissär fir Fëscherei a Mierer Costas Kadis op déi ëmmer méi grouss Erausfuerderunge fir d'Waasser-Ökosystemer higewisen.
"Wa sech d'Waasser opwiermt, dann ass och de Sauerstoff manner léisslech am Waasser an doduerch feelt dee Sauerstoff de Liewewiesen", erkläert d'Biologin vum Waasserwirtschaftsamt Carole Molitor. Besonnesch Fësch si vulnerabel, well dës op genuch Sauerstoff am Waasser ugewise sinn.
Baachfrellen hu Schwieregkeete mat der Hëtzt
Betraff si virun allem Fëschaarten, déi u kill Temperature gewinnt sinn. Zu Lëtzebuerg gehéieren dozou ënner anerem d'Baachfrell oder d'Äsch. Déi komme virun allem a méi kale Baachen a Flëss vir.
"Besonnesch eng Äsch huet Schwieregkeete mat där Temperatur eens ze ginn, well déi normalerweis gewinnt ass u maximal Temperaturen tëschent 19 an 20 Grad", seet Carole Molitor.
D'Biologin observéiert schonn zanter engem Joerzéngt, datt sech d'Situatioun verännert. Méi waarm Summeren a manner reegelméisseg Schauere féieren dozou, datt d'Waasser ëmmer méi séier waarm gëtt an de Waasserniveau vun de Flëss erofgeet.
Et brauch méi wéi eng Reeschauer
Mee wéi séier kënne sech d'Flëss iwwerhaapt erëm ofkillen? Dem Carole Molitor geet dat net vun haut op muer: "Et misst schonn awer e puer Deeg gutt reenen, fir dass déi Temperatur noweisbar erofgeet an och fir d'Planzen an Déiere besser ze erdroen ass."
Wéi séier dat geet, hänkt dobäi staark vum Waasserniveau of. Kleng Baache reagéiere vill méi empfindlech op Dréchent an Hëtzt ewéi méi grouss Flëss.
Renaturéierung als wichteg Léisung
Fir den Ëmweltminister Serge Wilmes ass kloer, datt de Klimawandel ëmmer méi Drock op d'Gewässer mécht. Als eng vun de wichtegste Mesurë gesäit hien d'Renaturéierung vun de Flëss. Dobäi gi Baachen a Flëss nees méi natierlech gestalt – mat méi Beem laanscht d'Uferen, manner Hindernisser an engem méi natierleche Verlaf. Dat soll verhënneren, datt d'Waasser sech ze séier ophëtzt.
"Mir mussen hei zu Lëtzebuerg méi séier weiderkommen, fir eis Flëss a Baachen ze renaturéieren", esou de Minister.
Aktuell géif de Ministère a verschidde Gruppen am Kader vum "Renaturéierungsdësch" u konkrete Proposen, wéi esou Projete méi séier ëmgesat kënne ginn schaffen. Eng grouss Erausfuerderung bleift dobäi d'Disponibilitéit vun Terrainen.
Pisciculture soll lokal Fëschbestänn stäerken
Bei der Pisciculture zu Lëntgen ginn all Joer ronn 500.000 Baachforellen opgezu. Déi ginn duerno nees a Lëtzebuerger Séien, Flëss a Baache gesat, fir déi lokal Bestänn ze ënnerstëtzen.
Fir de Serge Wilmes ass dat wichteg, fir déi "geneetesch Integritéit" vun de lokale Fëschaarten ze erhalen. Gesond Fëschbestänn wieren och en Zeeche fir eng gutt Waasserqualitéit.
Europa gesäit Klimawandel als nei Realitéit
Och den europäesche Kommissär Costas Kadis huet betount, datt d'Konsequenze vum Klimawandel mëttlerweil am Alldag ukomm sinn.
"De Klimawandel ass keng Theorie méi. Mir erliewen e konkret an eisem Alldag", sot hien zu Lëntgen. D'EU géif dofir ëmmer méi Projeten ënnerstëtzen, déi sech ëm Klimaschutz, Adaptatioun an de Schutz vun de Waasser-Ökosystemer këmmeren.
Fir d'Experten ass op alle Fall kloer: wann Hëtztwellen an Drécheperioden an Zukunft nach méi heefeg ginn, wäert och de Schutz vun de Flëss an de Gewässer zu engem ëmmer méi wichtege Facteur ginn.
D'Schreiwes zu der Visitt vun der Pisciculture zu Lëntgen fannt Dir um Site vum Ëmweltministère.