
Déi exakt Doudesursaach géif zwar nach ënnersicht ginn, mee säi Kierper géif Bëssspuere vun engem Bier opweisen, heescht et vun engem Spriecher vun den Autoréite géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. D'Bevëlkerung gouf dozou opgeruff, déi betraffe Géigend z'evitéieren.
A Japan kommen a leschter Zäit ëmmer méi dacks Bieren a bewunnt Gebitter, doduercher ass och d'Zuel vun déidlechen Attacken duerch dës an d'Luucht gaangen. Dem japaneschen Ëmweltministère no gouf et tëscht dem 1. Abrëll an dem 30. Mee scho fënnef Doudesfäll an 20 Blesséierter duerch Bierenttacken. Zejoert gouf et 13 Doudesaffer.
Och d'Siichtunge vu Bieren hu massiv zougeholl: Bis Mäerz goufen der iwwer 50.000 gesinn. Dat sinn offiziellen Donnéeën no méi wéi duebel esou vill wéi 2023, wat bis ewell an deem Kontext d'Rekordjoer war.
Dës Hausse wier Fachleit no op en immens séiere Wuesstem vun der Bierepopulatioun an e Recul vun der mënschlecher Bevëlkerung a ländleche Gebitter zeréckzeféieren. An de japanesche Bëscher hätt et zejoert ausserdeem wéineg Eechele ginn, sou datt d'Bieren op anere Plazen no Iesse sichen.
A Japan liewen zwou Aarte Bieren: den Asiatesche Schwaarzbier an de gréissere Brongbier, deen eng hallef Tonn weit a méi séier lafe ka wéi Mënschen. All Joer ginn dausende Bieren a Japan ofgeschoss.