Defense-Campus zu Diddeleng, Innovatioun-Pipeline a méiMinistere Backes an Delles presentéieren Detailer zur neier Lëtzebuerger Verdeedegungsstrategie

Pit Everling
Lëtzebuerg gëtt sech en neie strategesche Kader am Beräich Defense. An onsécheren Zäite wëll d'Regierung sech nei opstellen an déi eege Verdeedegungscapacitéite verbesseren.
© Pit Everling

D’Defenseministesch Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Lex Delles hunn en Donneschdeg de Moien Detailer presentéiert. Ënner anerem gëtt op Recherche an Innovatioun gesat, op nei Technologien, awer och op d’industriell Produktioun vu klasseschem Militär-Material. Dernieft sollen d’Aktivitéiten an de Beräicher Weltraum, Cybersécherheet a Kënschtlech Intelligenz ausgebaut ginn. Eng sougenannten “Innovatioun-Pipeline” gëtt en Place gesat fir concernéiert Entreprisë geziilt ze ënnerstëtzen. Et wäert en Defense-Campus um Site vu Liberty-Steel zu Diddeleng entstoen an et wäert e Finanzéierungsfong fir d’Defense geschaaft ginn, mat deem Investissementer kënne gemaach ginn. En interministerielle Comité soll iwwerdeems de Suivi vun dëser Strategie maachen.

Back to Top
CIM LOGO