Déi aktuell Temperature maachen net nëmmen de Mënschen ze schafen. Och d'Déieren hu mat der Hëtzt ze kämpfen. Esou och am Zoo vu Madrid, wou d'Temperaturen aktuell bei ronn 40 Grad Celsius leien.
D'Personal vum Zoo huet sech dowéinst eng Partie Mesuren afale gelooss, fir d'Déieren, esou gutt et ebe geet, kill ze halen. Eng Method ass kaalt Iessen. Fir eng Panda-Damm ginn et zum Beispill gefruere Friichten oder Bambusblieder an och d'Afe loosse sech déi gefruere Friichte schmaachen. Fir d'Tigeren an d'Robbe muss et da scho Fleesch oder Fësch sinn. An och déi gutt al, kal Dusch ka géint d'Hëtzt hëllefen.
Am Video gesitt Dir, wéi Déiere sech bei der aktueller Hëtzt zu Madrid ofkillen.