Jorelaang hunn Déiereschützer fir e Verbuet, Bieren ze halen, gekämpft. Ufank des Joers ass genee dat Verbuet a Südkorea offiziell a Kraaft getrueden. Fir deenen iwwer 100 Bieren, déi aktuell a Rettungszentere sinn, eng zweet Chance ze ginn, beméie sech Déiereschutzorganisatioune wéi "Bears in Mind" ëm Plazen, wou d'Déiere bis hiert Liewensenn bleiwe kënnen. Esou goufe rezent sechs sougenannt Galen-Biere mat der Hëllef vun der Cargolux op Lëtzebuerg transportéiert. Vun do aus goung et mam Camion an Dänemark an de Knuthenborg Safaripark.
Jorelaang haten déi sechs Bieren op Häff a klenge Käfeger gelieft, bis si virun e puer Méint gerett goufen. A Rettungszentere goufe si gefleegt an op e Liewe fräi vun Ausbeutung virbereet. Den 19. Juni waren d'Bieren no Dausende Kilometer endlech an hirem neien Doheem ukomm. No gudden dräi Wochen a Quarantän, an deenen d'Fleeger all eenzele Bier genee konnten iwwerwaachen a sécher goen, datt si sech no hirem Liewen a Gefaangenschaft agelieft hunn, konnten déi éischt zwee Bieren en Donneschdeg déi éischte Kéier hiren iwwer 23.000 m2 groussen Terrain entdecken. Besonnesch d'Beem an de Séi, an deem ee sou gutt buede kann, haten et deenen zwee ugedoen.
Vun elo un hunn deemno och d'Visiteure vum beléifte Park an Dänemark d'Chance, d'Biere live ze gesinn... natierlech just, wa si sech an deem grousse Bësch-Areal net verstoppen.