Gaffen & FilmenWat geschitt wann de Virwëtz iwwerhand hëlt?

Michèle Schons
Accidenter, Bränn, Tragedien - firwat vill Leit kucken a filmen...
Filmen
© pixabay

Mënschleche Reflex oder Respekt?

Accidenter oder Bränn zéien Opmierksamkeet op sech. Net nëmme vun de Rettungsdéngschter, mee och vu Passanten. Handye ginn erausgeholl, Videoe gemaach, Fotoe gedeelt. Ze gaffen oder ze filmen ass e Phenomen, dat mir ëmmer méi dacks gesinn. Mee firwat eigentlech? Aus psychologescher Siicht spillen do verschidde Mechanismen eng Roll. De Psychotherapeut Sacha Bachim erkläert:

“Et ass eben esou, dass an extreme Situatiounen de Mënsch eben net rational funktionéiert, virun allem, wann en esou eppes nach ni erlieft huet. De Kierper an d’Gehier ginn dann an en Ausnamezoustand, et gi Stresshormoner ausgeschott, d’Informatiounsveraarbechtung ass ageschränkt an et kënnt dacks zu enger kuerzer Iwwerfuerderung. Net jidderee reagéiert dann direkt mat Flucht, well nieft eisen Instinktreaktioune Fight or Flight, gëtt et jo och nach d’Reaktioun vum Afréieren (Freeze).”

Gaffen ass net ëmmer just Virwëtz. An extreme Situatioune komme vill Leit an eng Aart Schockzoustand. Filmen oder Fotoe maachen, kann dann eng Manéier sinn, Distanz ze schafen. Et ass wéi wann een duerch den Ecran kuckt, amplaz direkt mat der Realitéit konfrontéiert ze sinn.

“Wa mer iwwert d’Filme mam Handy schwätzen, dann ass do och dacks de Wonsch derhannert fir dat festzehalen oder anere Leit dat ze weisen - entweder well et eppes Schéines ass, wou mer aner Leit wëllen drun deelhuele loossen, oder well et eppes Schlëmmes ass, wou mer einfach aner Leit wëllen informéieren, warnen oder sensibiliséieren. Awer och heiansdo well mer esou gewinnt sinn, dass mer Opmierksamkeet kréie fir esou e Video, dat engem dann eng Satisfaktioun gëtt.

Leit déi gaffen oder filme kënne stéieren, Zoufaarte blockéieren oder d’Privatsphär vun den Affer blesséieren, dat an engem Moment, wou all Sekonn zielt. Psychologesch gesinn ass et och eng Form vu kollektiver Dynamik. Wann eng Persoun stoe bleift, bleiwen déi aner et och. D’Responsabilitéit verdeelt sech, de bekannte Bystander-Effekt. Jidderee kuckt, mee wéineg handelen.

“Et bleift wichteg, ëmmer erëm ze widderhuelen, wat déi sënnvoll Reaktiounen a geféierleche Situatioune sinn. Dass et wichteg ass, sech selwer an aner Leit a Sécherheet ze bréngen. Esou Saache si sous-entendu fir eis mëttlerweil a well mer awer reflexaarteg an esou Situatioune reagéiere kënnen, ass et wichteg, ze widderhuelen, dass ee sech a Sécherheet soll bréngen.

Gaffen ass mënschlech. Mee Respekt och. An heiansdo ass net ze filmen, déi gréisst Hëllef.

Back to Top
CIM LOGO