Fueskostümer si vill méi wéi just Stoff a Schmink. Si sinn eng Invitatioun, fir aus dem Alldag eraus- an an eng aner Roll ze klammen. All Joer ginn et nei Trends. Heiansdo si se inspiréiert vu Filmer oder Serien, heiansdo vun de soziale Medien. An heiansdo entsteet e klengen Hype, wéi dëst Joer d’„Karnevalsmaus“ - eng einfach, séiss a kreativ Iddi, déi sech séier verbreet huet. D’Lia Jajanidze, Filialleiterin vum Deiters zu Tréier:
“Die Karnevalsmaus kommt durch dieses Lied, wo die Mädels das Kostüm dazu kreiert haben, meistens mit einem schönen Röckchen, Mäuseohren und das kann man eigentlich gestalten wie man will.”
Mee nieft esou Trends bleiwe Klassiker ëmmer beléift: Polizist, Hex, Clown oder Superheld. A genee dat gesäit een och an de grousse Kostümsbutteker. Deiters ass eng Institutioun an deem Beräich. De Familljebetrib gouf 1921 vum Joseph Deiters gegrënnt, deemools nach fir Forrain’en, mat kënschtleche Blummen a Präisser fir Kirmessen. Haut ass Deiters déi gréisst Chaîne fir Karneval a Kostümer an Däitschland, mat risege Filialen, virun allem am Rheinland.
“Das ist entstanden durch den Herrn Geiss, der Inhaber. Die erste Filiale war natürlich in Köln, der Hochburg vom Karneval. Dann hat er das ausgebreitet auf Berlin, wir haben mittlerweile im Osten auch - Leipzig, Dresden - Filialen, in Hamburg haben wir eine Filiale. Das ist deutsche Geschichte, dazu gehört Karneval und so hat er das immer weiter aufgebaut.”
An an esou Butteker gëtt séier kloer: Fuesent ass e Geschäft a virun allem e Gefill. Vu fäerdege Komplettkostümer bis zu eenzele Accessoiren, déi ee säin Outfit personaliséieren, ass alles dobäi. D’Leit sichen net just e Kostüm - si sichen eng Iddi. An dat d’ganzt Joer iwwer.
“Wir fangen natürlich mit dem Oktoberfest an, mit Lederhose, mit Dirndl, wir haben alles im Angebot. Dann geht es rüber zu Halloween, was auch mittlerweile sehr stark in Deutschland gefeiert wird. Mit Halloween sind wir dann auch schon beim 11.11, das ist der Karnevalsanfang, da haben wir bis zum Schluss am Aschermittwoch sehr viel zu tun. Dann kommen natürlich auch St. Patrick’s Day, Geburtstage, Abi-Feier, im Sommer gibt’s Hawaii-Partys, Krimidinner gibt es auch sehr viel, also ja alles.”
Fuesend erlaabt eis, fir e puer Deeg anescht ze sinn. Méi faarweg. Méi verréckt. Méi fräi. An egal ob Dir dëst Joer als Trendfigur, als Klassiker oder ganz spontan verkleet sidd: Wichteg ass, datt Dir Iech wuel fillt. Well de beschte Kostüm ass ëmmer nach deen, deen ee mat engem Laachen dréit.