"NaRosy" CharityUpcycling fir de gudden Zweck: D'Nadine Robert an hir Moud mat Geschicht

Anouk Siebenaler
Fir hire 65. Gebuertsdag huet d'Nadine Robert en Charity-Event organiséiert, bei deem aus symbolträchtege Kleedungsstécker nei Moud fir de gudden Zweck entstanen ass.
"NaRosy" Charity
D’Nadine Robert an hir Moud mat Geschicht

D’Bezéiung zur Moud ass der Nadine Robert an d’Wéi geluecht ginn. Hir Mamm hat e Kleedergeschäft, an deem si grouss ginn ass. Mat aacht Joer krut si hir éischt – a bis haut eenzeg – Bitzmaschinn, déi si och haut nach benotzt. Och wa si d’Bitzen ni zu hirem Beruff gemaach huet, huet et si ëmmer begleet. Besonnesch den Upcycling – d’Weiderveraarbechte vun ale Kleedungsstécker an Accessoiren – huet hir et ugedoen.

Fir hiren aktuelle Projet huet d’Nadine geziilt Lëtzebuerger Perséinlechkeeten ugeschriwwen, ob si hir Kleeder uvertraue géifen. Den Zousproch huet si iwwerrascht: “Ech hu Moies 15 Leit ugeschriwwen an Owes hunn déi integral all zougesot.”

© Sam Bouchon

Vum Schiertech vun der Léa Linster iwwer en Ensembel vun der Corinne Cahen bis hin zum Mantel vum Yaya Van Chique – all Stéck dréit seng eege Geschicht. Besonnesch vill Respekt hat d’Nadine virum Hochzäitsrack vum Tessy Antony de Nassau. “Wgl. mat vill Léift a Respekt behandelen, e bedeit mer vill“, hat dës hir mat op de Wee ginn. Hannert anere Kleedungsstécker stieche ganz perséinlech, heiansdo och déif emotional Geschichten.

Um Owend selwer goufe sechs Kleedungsstécker versteet, fir déi aner konnten d’Gäscht Tombola-Louse kafen. Am Ganze sinn um Enn ronn 1.700 Euro zesummekomm, déi un d’"Nestwärme Luxembourg a.s.b.l.” an “Real Impact Hub SARL-SIS” gespent konnte ginn. Fir d’Nadine Robert steet fest: Et geet ëm méi wéi Moud. Et ass e Projet, dee vu Vertrauen, Engagement a vill Geschicht lieft – an deen hir méi um Häerz läit, wéi si selwer am Ufank geduecht hat.

Back to Top
CIM LOGO