Bei Take Off sinn nach 10 vun den am Ufank 12 Kandidaten an der Course fir de Geldpräis vun 10.000 Euro. An den Challenge vum Dag geet et ëm d’Thema Beweegung. Si mussen eng Dous esou manipuléieren, dass se méiglechst lues eng Pente erofrullt. Eng Course bei där also net onbedéngt dee séierste gewënnt.
Am zweeten Challenge musse si mat engem Elektrobus vun A op B fueren. Leider sinn d’Batterien net vill gelueden. Si mussen duerfir eng Luedstatioun bauen, bei där de Bus op hallwer Stréck opluede kann. An si dierfen de Bus dobäi net upaken.
Take Off Science Challenge Show. Dëse Freideg em 19h00 hei op RTL, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol Sonndes Moies ëm 11.