
Dës éischt Etapp valoriséiert de ganze Minett a regroupéiert 11 Gemengen aus dem Süden: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Keel, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Suessem a Schëffleng.
Ënnert den Theme Multikulturalismus, Zesummeliewen, Fuerschung an Innovatioun gëtt op dësem Dag e festleche Parcours tëscht dem Belval an dem Stadzentrum ugebueden, mat Animatiounen, artistesche Performancen a markante Momenter, déi sech un der Geschicht an der Identitéit vun der Regioun inspiréieren. E grousst Volleksfest op der Brillplaz clôturéiert dës éischt Joyeuse Entrée.