Fro den AffekotZe fréi op der Aarbecht: Kann dat e Problem ginn?

Bob Konsbruck
Eng Fra a Spuenien ass viru Geriicht gescheitert, nodeems si reegelméisseg vill ze fréi op hir Aarbechtsplaz komm war. De Fall huet d’Fro opgeworf: Kann een eigentlech schaffe goen, wéini ee wëll?
© Envato

Wéi de Maître Jean‑Jacques Schonckert am RTL Wecker erkläert huet, sinn d’Aarbechtszäiten am Aarbechtskontrakt festgehalen an déi mussen am Prinzip respektéiert ginn. Am spuenesche Fall war d’Mataarbechterin ëmmer nees vill ze fréi op der Aarbecht, obwuel hire Patron si dozou opgefuerdert hat, dat net ze maachen.

No e puer Warnunge gouf d’Kënnegung viru Geriicht confirméiert. Entscheedend war, datt d’Fra sech net un déi intern Reegelen an d’Organisatioun vum Betrib gehalen hat.

Zu Lëtzebuerg géif de Riichter an esou Situatiounen ëmmer de konkrete Fall analyséieren, esou de Maître Schonckert. Dobäi géif gekuckt ginn, ob et Warnunge gouf, wéi dacks de Problem virkomm ass an ob de Salarié bewosst géint d’Instruktioune vum Patron verstouss huet.

Gläichzäiteg betount den Affekot, datt a ville Betriber flexibel Léisunge méiglech sinn. Wa Patron a Mataarbechter sech eens sinn, datt een emol méi fréi kënnt oder méi laang bleift, da wier dat normalerweis kee Problem.

Fir de Maître Schonckert bleift de wichtegste Prinzip awer dee selwechten: „Matenee schwätzen, net iwwereneen.“ Dialog an Ofsprooch géifen nach ëmmer déi meescht Problemer op der Aarbechtsplaz verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO