Eng italienesch Spezialitéit

Fir 1 Focaccia

450g Broutmiel (T1050 oder T110)
50g Schmull
1 Kaffisläffel Salz
21g frësch Hief
290ml wotlecht Waasser
eng Pouz Zocker
1 Iessläffel Olivenueleg + extra
Salz + Peffer
 
Optional Ingredienten fir d’Deko:
Rosmarin
Bratzelen
Basilikum
Lorberblieder
Oliven
Paprika
Cherry Tomaten
Rout Ënnen, a Scheiwe geschnidden
 
D’Miel, d'Schmull an d’Salz an eng Schossel ginn a verréieren.
 
D’Hief an e Krou zerbröselen an a 50ml wootlechem Waasser opléisen.De Rescht 240ml Waasser, den Zocker an den Olivenueleg derbäischëdden.
 
D’flësseg Ingredienten bei d’Miel ginn a 5 Minutte mat dem Kniethoken vun enger Kichemaschinn knieden (oder 10 Minutte mat den Hänn knieden).
 
Den Deeg aus der Schossel huelen an zu enger Boule formen. D’Schossel mat e bëssi Olivenueleg afetten an den Deeg zréck dra leeën. Mat engem Kichenduch bedecken an eng Stonn bei Zëmmertemperatur goe loossen, sou dass den Deeg sech verduebelt.
 
No enger Stonn e bëssi Schmull op e Bakblech streeën. Den Deeg dropkippen an zu engem 30x20cm Rechteck formen.
 
Den Deeg mat Olivenueleg bepinselen an da mat engem Muster aus verschiddenen Ingredienten dekoréieren. Mat e bëssi Salz bestreeën an eng weider 15 Minutte goen loossen.
 
Den Schäffchen op 200°C "Umluft" virhëtzen an eng Form mat Waasser ënnen an de Schäffche stellen.
 
No 15 Minutten ass den Deeg prett fir ze baken. Eventuell nach eng Kéier d’Ingredienten vun der Deko an den Deeg drécken, an dann d’Focaccia wärend 25 Minutte baken.

Op engem Bakgitter ofkille loossen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun