
D’Zuel vun den als bedrot opgelëschten Déieren- a Planzenaarten an der Internationaler Rouder Lëscht hätt en Héchstwäert erreecht. Iwwer 40.000 Aarte stéingen dem Bilan vun de Gewënner a Verléierer am Déiereräich no op der Rouder Lëscht. Hoffnung géing et awer do ginn, wou de Mënsch sech intensiv fir den Natur- an Aarteschutz asetzt.
De WWF Däitschland huet dann och betount, datt et “beim Aarteschutz scho laang net méi nëmmen drëm geet, en Ëmweltproblem ze léisen, mä ëm d’Fro, ob d’Mënschheet net iergendwann op der Rouder Lëscht steet an zum Verléierer vun hirer eegener Liewensweis gëtt”.
Stellvertriedend fir vill anerer féieren d’Ëmweltschützer follgend Déierenaarten als Gewënner a Verléierer an hirem Bilan op:
Verléierer:
Afrikanesch Bëschelefanten:
Op der Lëscht vun de Verléierer stinn ënnert anerem déi Afrikanesch Bëschelefanten, där hir Bestänn an de leschten 31 Joer ëm 86 Prozent erofgaange sinn an déi zanter dësem Joer offiziell als “vum Ausstierwe bedrot” gëllen.
Äisbieren:
Och d’Äisbiere si vum WWF nees ënnert de Verléierer opgelëscht. Duerch d’Äerderwiermung an der Arktis, kéint den arkteschen Ozean am Summer 2035 komplett äisfräi sinn.
Laffräsch:
De Verloscht vum Liewensraum vun de Laffräschen duerch de Bau vu Stroossen a Citéë wier déi gréisste Gefor fir d’Déieren.
Groe Krukert:
Obwuel de Krukert nach net op der Rouder Lëscht als bedrot opgelëscht ass, wieren d’Hoergänse vum Klimawandel an dem Insektestierwe bedrot, well si esou keng Näschter méi bauen an hiren Nowuess net fiddere kënnen.
Saumon, Dorsch a Co.:
Déi europäesch Wanderfësch wéi de Saumon an d’Dorsch-Bestänn géinge virun allem ënnert dem Klimawandel, der Iwwerfëschung an dem Ausbau vu Flëss leiden.
“Eedel Steckmuschel":
Och d’Muschele géingen ënnert dem Klimawandel leiden. D’Bestänn sinn a ville Regioune staark zréckgaangen an duerch dat waarmt Waasser verbreede sech Parasitten an d’Reproduktioun gëtt limitéiert.
Gewënner:
Iberesch an Eurasesch Luchsen:
An de leschten 18 Joer hätt sech d’Populatioun vum Iberesche Luchs méi wéi verzéngfacht. An hiren Heemechte Spuenien a Portugal géinge mëttlerweil méi wéi 1.000 Déiere liewen.
Nepaleesesch Panzernashörner:
Obwuel d’Aart als bedrot gëllt, well hir Liewensraim zerstéiert ginn a Juegd op si gemaach gëtt, hätten d’Schutzbeméiungen am Nepal Wierkung gewisen. Zanter 2015 wier de Bestand ëm 16 Prozent geklommen.
“Grousstrappen":
D’"Grousstrappen” leiden zwar virun allem ënner intensiver Landwirtschaft a gëllen a ville Länner als ausgestuerwen oder a Gefor. An Däitschland hätten 2021 awer 347 Vulle kënne gezielt ginn, wat en Héchststand zanter 40 Joer wier.
Siam-Krokodil:
Am September wieren aacht jonk Siam-Krokodillen am Kambodscha entdeckt ginn. Domat wier zanter méi wéi zéng Joer fir d’éischte Kéier eng Reproduktioun vun där Aart nogewise ginn.
Baartgeier:
An der Alperegioun géingen nees méi wéi 300 Baartgeier fléien. Och 2021 hätt et Nowuess vu ronn 50 jonke Geier ginn.
“Blowalen":
An de Gewässer ëm d’subantarktesch Insele vu Südgeorgien hätte Fuerscher 55 “Blowalen” gesinn. Dat wier e Liichtbléck an enger Regioun, déi fréier en Epizenter vum Walfang op der Südhallefkugel war.