Et gi just 2 Déiereklinicken am Land, eng zu Bäreldeng an eng zu Beetebuerg. All Dag hu si 24 op 24 Stonnen Déngscht.

D'Déiereklinicke maachen op Problemer opmierksam, déi et bei de Gardë ginn. Den Aarbechtspensum géif ëmmer weider zouhuelen an d'Mataarbechter maache sech besonnesch op der Nuetsschicht Suergen ëm hir Sécherheet. Wat hei ännere misst, huet de Ryck Thill  bei de Veterinären nogefrot.

15 Veterinären a 15 Assistente schaffen zu Beetebuerg an der Déiereklinik daagsiwwer am Roulement.

Soss hat een eng bis zwou Urgencen, déi an der Nuecht erakoumen. Iwwert déi lescht Jore wier d'Zuel vun den Patienten, déi an der Nuecht ageliwwert ginn, ëmmer weider geklommen, seet d'Carole Jungblut, Veterinärin an der Déiereklinik.

Nieft den Déiereklinicken hunn op d'mannst bis Hallefnuecht och zwee Vertinärskabinete Gard. D'Garde kréien d'Veterinäre vum Staat bezuelt. 150 Euro sinn dat, fir 8 Stonnen Déngscht. Fir vill Déierendoktere wieren d'Garden net attraktiv, erkläert d'Simone Mousel, Presidentin vum LAK.

A Klinicke kënnt dann nach d'Onsécherheetsgefill dobäi. Am August gouf an der Klinik zu Bäreldeng eng Déierendoktesch attackéiert. Well d'Clienten dacks ganz emotional ginn, wann et ëm hir Hausdéiere geet, mécht ee sech och zu Beetebuerg Suergen ëm d'Sécherheet.

Vun der Politik erwaart ee sech Ënnerstëtzung. Engersäits sollen d'Garde méi attraktiv gemaach a besser organiséiert ginn. An zweetens misst een och fir d'Sécherheet vun den Déierendoktere suergen, déi nuets am Asaz sinn.