Deem Bléck kënnen net vill Leit widderstoen: Wann de Buba aus der polnescher Stad Łódź säi Ball vum Balcon geheit, muss een einfach mam Mupp spillen.

Bannent nëmmen e puer Deeg ass de Buba zum Internetstar ginn. Op engem Video an de soziale Medien ass ze gesinn, wéi hie vum Balcon aus mat Passante spillt.

An der bekanntster Akafsstrooss vu Łódź, an där de Mupp wunnt, komme genuch Leit laanscht, déi einfach net widderstoe kënnen. Wann de Buba säi Ball vum Balcon geheit a mat sengem Muppebléck duerch d'Gitter erofkuckt, muss een einfach stoe bleiwen an de Ball zréck schéissen.

D'Meeschtesch vum Buba huet an engem Interview mam polnesche Sender TVP erkläert, datt hiren Hond sech d'Spill selwer ausgeduecht hätt. De Ball wier eng Kéier aus Versinn vum Balcon gefall. Wéi iergendeen e rëm eropgeheit hat, hätt de Buba System aus de Wërf gemaach. Anescht ewéi beim gewéinlechen Apportéieren ass et hei de Mënsch, dee sech beweegt, net de Mupp.