Den 30. Mee scho sinn déi véier kleng Tiger op d'Welt komm an zanter kuerzem dierfe si och an d'Baussenanlag.

Sibiresch Tiger gëllen als gréisste Katze vun der Welt. Bis zu 325 Kilo kann esou en Déier schwéier ginn. Doheem si si an der Amur-Regioun am Oste vu Russland respektiv am Nordoste vu China. Weltwäit ginn et awer nach just ronn 800 där Déieren, well hire Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf an d'Déiere gejot goufen, well Kierperdeeler vun hinnen an der traditioneller chineesescher Medezin zum Asaz kommen. Dowéinst steet d'Gattung dann och op der Internationaler Rouder Lëscht ënner "staark menacéiert".

Dofir ass et och wichteg, esou den Allwetterzoo zu Münster op hirem Site, datt ee Succès bei der "Erhalungszuucht" huet. Esou kéint een d'Iwwerliewe vun dësen Déiere garantéieren. Sibiresch Tiger kommen no ronn 95 bis 112 Deeg op d'Welt an d'Mamm kritt tëscht engem a siwe Klenger. Am Fall vum Zoo zu Münster war et ee weiblecht an dräi männlech Déieren.