Ëmweltorganisatiounen entsat: Schutzstatus vum Wollef kéint erofgesat ginn
De 25. September gëtt iwwert d'Propos vun der EU-Kommissioun ofgestëmmt, fir de Schutzstatus vum Wollef erofzesetzen.
Lëtzebuerg war bis dato ëmmer dogéint, elo awer huet d'Regierung hir Meenung geännert. Eng 20 Leit hunn dofir um Dënschdeg virum Ëmweltministère manifestéiert.
Et geet ëm d'Fro, ob een de Wollef streng soll schützen oder just schützen. De Schutz vum Wollef op EU-Niveau gëtt iwwer déi sougenannt Berner Konventioun gereegelt. An déi gesäit aktuell e strikte Schutz vum Wollef vir. Dat heescht, en dierf weder geschoss, nach verjot oder gestéiert ginn. An dobäi soll et dem Roby Biwer, dem President vun natur&ëmwelt, no och bleiwen:
"Déi aktuell Direktiv léisst schonn eng kleng Dier op, dass bei Problemaarten, ob dat de Wollef, d'Brongbier oder wat och ëmmer ass, et Méiglechkeete ginn, fir ze reagéieren, wann dat wëssenschaftlech suivéiert gëtt, fundéiert ass. Also brauche mer net eng Decisioun ze huelen, déi elo europawäit dann de Schutzstatus mindert."
Mam méi niddrege Schutzstatus wier d'Juegd op de Wollef prinzipiell méiglech. Allerdéngs ënnert der Konditioun, datt de Bestand stabil ass an net a Gefor geréit.
Verschidde Länner wënsche sech déi "Flexibilitéit" scho méi laang. An deene wëll d'EU-Kommissioun entgéintkommen. A Lëtzebuerg wëll sech där Decisioun elo uschléissen. Dat huet de Ëmweltminister Serge Wilmes um Dënschdeg confirméiert:
"Hei zu Lëtzebuerg wäert de Wollef och weiderhin strikt geschützt bleiwen. Et ass awer esou, datt souwuel d'EU-Kommissioun, wéi eng ganz Rei EU-Memberstaaten elo nach eng Kéier eis gefrot hunn, fir solidaresch mat hinnen ze sinn, well et gëtt awer Memberstaaten an der Europäescher Unioun, wou et Konflikter gëtt tëscht dem Wollef a virun allem der Landwirtschaft, an déi hätte gäre méi Flexibilitéit, fir kënnen déi Konflikter ze verwalten."
D'Ëmweltorganisatioune soen d'Diskussioun géif emotional an net faktebaséiert gefouert gëtt. Virun allem awer si se enttäuscht iwwert d'Aart a Weis, wéi d'Lëtzebuerger Regierung an de Minister hir Meenung geännert hunn. D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique, reegt sech op:
"De Minister huet och net mat senge Fachgremie geschwat doriwwer. Et gëtt also den Observatoire vum Naturschutz, deen hat nach leschte Freideg eng Reunioun, do stoung et net um Ordre du jour. Et gëtt een esou eng wichteg Saach iwwer Rumeure gewuer. Et gëtt och Länner, déi soen, de Schutzstatus vum Wollef soll bäibehale ginn. Lëtzebuerg brécht d'Solidaritéit mat deene Länner, wou mer bis elo solidaresch waren. An nach eng Kéier, ouni Grond."
Wéi gesot wäert um Mëttwoch iwwert d'Propos vun der EU-Kommissioun ofgestëmmt ginn. Lëtzebuerg wäert fir en Erofsetze vum Schutz stëmmen.
Ma fir datt d'EU sech iwwerhaapt bei der Berner Konventioun fir eng Ännerung kann ausschwätzen, ass eng Majoritéit bei der Unzuel vun de Staaten an och bei der Bevëlkerung an der EU néideg. An do falen natierlech méi grouss Länner méi an d'Gewiicht. Woufir zum Beispill Däitschland wäert stëmmen, war en Dënschdeg nach net gewosst.

Kritik kënnt awer scho vun de Piraten, déi an engem Schreiwes vun e Méindeg den Owend kloer maachen dass si net mat der Decisioun averstane sinn, en Erofsetze vum Schutz-Status ze ënnerstëtzen. "Wat nervt muss fort", no där Devise géif déi aktuell Regierung a Punkto Déieren- an Ëmweltschutz verfueren.