100 Verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz bannent just dräi Joer

Symbolbild / © Envato Molenira
Nom Doud vu fënnef Hënn an enger Déierepensioun hunn d'Deputéiert Alexandra Schoos a Jeff Engelen Froen zum Déiereschutz hei am Land gestallt.
Nodeem fënnef Hënn an enger Déierepensioun am Minett gestuerwe waren, goufe véier Plaintë gemaach an d'Veterinärsverwaltung schafft an deem Dossier enk mam Parquet zesummen, fir an der Enquête weider ze kommen. D'Ënnersichungen, wéi genee d'Déieren a verschiddene Situatioune gestuerwe sinn, sinn aktuell dann och nach ëmmer net ofgeschloss.
Wéi d'Enquête ugefaangen huet, waren ewell véier vun de fënnef doudege Muppen ageäschert - beim fënneften Hond gouf eng Autopsie gemaach, wou d'Resultater nach net virleien. D'CSV-Agrarministesch confirméiert dann och nach emol, datt d'Déierepensioun, wou d'Virfäll waren, net déi néideg Autorisatiounen hat an datt d'ALVA mol net wousst, datt et op där Adress géif eng Pensioun ginn.
D'ALVA kontrolléiert dann och dës Pensiounen, déi laang net ëmmer konform mat den Dispositioune fir d'Hale vun Déiere sinn. Esou goufen eleng bannent de leschten dräi Joer eng 100 Verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz festgestallt. D'Martine Hansen réit dann och alle Proprietäre vun Déieren, d'Pensioun am Virfeld kucken ze goen a sech d'Autorisatioune weisen ze loossen. All Opfällegkeete sinn op help@deier.lu ze mellen.
D'Froen iwwert den Doud vun de fënnef Hënn haten d'ADR Deputéiert Schoos an Engelen gestallt.