Iwwer 600.000 Follower bei Instagram a wuel dat éischt Kaweechelchen, iwwer deem säin Doud d'New York Times schreift.

De Peanut gouf fir d'éischt vun den Autoritéite saiséiert, elo ass d'Déier gestuerwen.

Domat huet de Besëtzer vum Kaweechelchen, dat als "Squirrel Peanut" bekannt war, säin treiste Frënd verluer. "Rou a Fridden, mäi beschte Kolleeg. Merci fir déi bescht siwe Joer vu mengem Liewen", huet de Marc Longo op Instagram geschriwwen. Viru sengem Doud war d'Déier, dat méi wéi eng hallef Millioun Instagram-Follower hat, vun der Ëmweltschutzautoritéit saiséiert ginn. De Longo hat doropshi gefaart, datt d'Kaweechelchen ageschléifert kéint ginn. De Besëtz vu wëllen Déieren ass am Bundesstaat New York verbueden. Esou och dee vum Peanut, deen am Haus vum Marc Longo eng eege Kummer hat.

Der New York Times no gouf d'Déier tatsächlech ageschléifert, nodeems et no der Saisie eng Persoun gebass hat. Elo géing de Peanut op Tollwut getest ginn, deelt d'Ëmweltschutzautoritéit mat.