Virun 3 Wochen hunn d'Leit an Australien net schlecht gestaunt, wéi bemol e Keeserpinguin op enger Plage gewatschelt ass. Lo ass de Gus rëm um Wee heem.

De Keeserpinguin, deen Ufank November op enger Plage am australeschen Denmark gestrant war, ass erëm zeréck am Ozean. Den op den Numm Gus gedeefte Vull wier e Mëttwoch vun engem Schëff aus un der Südküst vum Bundestaat Western Australia an d'Fräiheet entlooss ginn, heescht et vum Ministère fir Biodiversitéit an Aarteschutz (DBCA). Virdrun hat de Pinguin d'Gesondheetskontrolle vun de Veterinäre bestanen.

Viru gutt dräi Wochen ass de Gus bemol op enger Plage zu Denmark am Weste vun Australien getrëppelt, eng 3.400 Kilometer vu sengem Doheem ewech. D'Arrivée vum Déier um Ocean Beach war eng kleng Sensatioun: Nach ni hat e Keeserpinguin, deen u sech déif an der Regioun vum Südpolarmier lieft, sech esou wäit nërdlech verlaf.

Sou wäit vu senger Heemecht ewech huet de Pinguin dann och relativ verluer gewierkt. Wéi Aenzeien der Noriichtenagence AFP erzielt hunn, hätt de Gus probéiert op sengem Bauch ze rutschen, well e wuel gemengt huet et wier Schnéi. Amplaz ass hie mam Gesicht am Sand gelant.

Keeserpinguine sinn déi gréisst Aart aus der Famill vun de Séivigel, déi net fléie kënnen. Ausgewuesse Männercher kënne bis zu 1,40 Meter grouss ginn a 40 Kilogramm weien. De Gus war awer wuel méi schwaach a mat knapp 23 Kilo och e bëssen ënnererniert. Dowéinst huet hie missen op enger Fleegestatioun opgepäppelt ginn an huet 3,5 Kilo bäigeholl.

Fuerscher ginn dovun aus, datt de Keeserpinguin wuel enger Stréimung aus der Antarktis a Richtung Norden nogeschwommen an esou an Australien ukomm ass. D'Déieren tendéieren dozou, bei der Sich no Fudder bestëmmte Stréimungen ze suivéieren, an deenen et eng grouss Offer gëtt. Elo bleift ze hoffen, datt hien och de Wee a Richtung Süden nees zeréck fënnt.