Eng Rei Etudë beleeën, datt Déieren de Stress beim Mënsch reduzéiere kënnen. Mir waren an engem Altersheem op Besuch, wou et net nëmmen Therapiehënn ginn.

Am Belle-Vue zu Iechternach, vu Servior, ginn et den Ament 4 Hënn, déi regelméisseg an d’Haus komm, esou d’Chargée de Direction Sandra Steffes. Et gëtt esouguer eng Aart Déngschtplang, fir datt d’Hënn net all zu selwechter Zäit do sinn. Esou kann, op Wonsch vun de Bewunner, op déi ënnerschiddlechst Besoine vun hinnen agaange ginn. Dacks gi Labradoren oder Golden Retriever als Therapiehënn agesat. Am Belle-Vue sinn awer och nach aner Hënn, déi do an den Asaz kommen. Bis lo huet d’Sandra Steffes selwer nach net erlieft, datt ee Bewunner géint de Kontakt mat den Hënn war. D’Hënn si wéi een Äisbriecher tëscht de Bewunner.

Den Nero an de Buddy

Den Nero, ee Genre Golden Retriever, an de Buddy, eng franséisch Bulldog, kommen zesumme mam Sandra Stolz all Freideg an d’Haus. Si ass Orthophonistin a si huet mat hire Muppen am “Münsteraner Institut für therapeutische Fortbildung und tiergestützte Therapie” an der Géigend vun Heidelberg d’Ausbildung gemaach. Si sinn zënterhier een zertifiéiert “Therapiebegleithunde-Team” vum Veräin “Therapiebegleithunde-Deutschland e.V”. 
 
De Buddy ass och den éischten Hond, deen daf ass, deen dës Prüfung an Däitschland bestanen huet. D’Formatioun vun all Mupp huet 2 Joer gedauert. Do gëtt kontrolléiert, wéi gutt si hir Impulser am Grëff hunn a wéi hiert Wiesen ass. Et ka jo mol sinn, datt Leit mat deene si schaffen, méi energesch sinn oder datt den Hond eventuell bësse bedrängt gëtt. Dës si Situatiounen, un déi si gewinnt ginn. Do ginn et och Hënn, déi net als Therapiehënn gëeegent sinn. Déi kënnen dann déi Formatioun net op den Enn bréngen. All 2 Joer mussen d’Hënn de Wiesenstest op en Neits maachen. Wann den Hond negativ opfält, oder et stëmmt eppes net mat der Bindung zum Meeschter, kënnen déi Hënn och gespaart ginn. Sou Therapiehënn kënne bei soziale Beruffsgruppen agesat ginn, wéi Orthophonisten, a Schoulen, bei Psychologen, Ergotherapeuten an och bei Kinéen.
 
Net ëmmer huet d’Sandra Steffes déi 2 Hënn dobäi. Et hänkt dovunner of, wat um Programm steet, ob Eenzeltherapien oder Gruppebehandlung. Mam Buddy gëtt nonverbal geschafft an den Nero ass méi gemittlech a lues. Déi 2 Hënn ergänze sech ganz gutt.
 
D’Therapiestonne si mat Ritualer opgebaut. No der Begréissung ass dann direkten oder passive Kontakt ugesot. Et ginn Exercicer gemaach fir Kognitioun an d’Schwätzen ze verbesseren. Do ginn et Situatiounen, wou Leit bemol duerch de Kontakt mat den Hënn vill méi schwätzen oder iwwerhaapt schwätzen. Och wann d’Hënn net am Haus sinn, si se awer Gespréichsthema ënnert de Bewunner. D’Hënn verbreeden ënnert hinnen an och dem Personal eng positiv Atmosphär.
 
D’Hygiène ass bei dësem Genre vun Therapien groussgeschriwwen. Wann d’Bewunner d’Muppen ugepaakt hunn, steet duerno Hänn wäschen an desinfizéieren um Programm. D’Géigestänn, déi de Mupp benotzt huet, ginn duerno desinfizéiert an der Botzfirma gëtt Bescheed gesot, fir dee Raum extra ze botzen.
 
Net vergiess gëtt och d’Wuelbefanne vun den Hënn. Si ginn net iwwerfuerdert a si ginn och nëmmen zu gewëssen Zäiten agesat. Duerno kann de Mupp Mupp sinn a sech erhuelen.

De Puzzle

De Puzzle ass ee Golden Retriever, dee vun ASA kënnt, der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn ASBL. En ass wärend 2 Joer vun HandiChiens forméiert ginn. Seng Meeschtesch ass d’Jeanne Bourg a si geet benevole mam Puzzle ënner anerem an Altersheemer a Maisons relaisen. Am Haus Belle-Vue ass si 1 bis 2 Mol d’Woch.
 
Mam Puzzle stinn Aktivitéitsgruppen oder individuell Betreiungen um Programm. An de Gruppen, vun ongeféier 6 bis 7 Persounen, deet de Puzzle de Leit dann zum Beispill eng Strëmp oder eng Händsch aus, oder de Mupp geet duerch ee Reef, deen d’Leit da musse mat de Bee festhalen. Dëst ënnerstëtzt d’Motorik bei de Leit. De Mupp kann duerno och geheemelt ginn.
 
De Puzzle geet och op Wonsch vun de Leit bei si an d’Zëmmer. Dëst ass de Fall, wa si net opstoe kënnen. Da gëtt ee Läinduch op d’Bett geluecht, ier den Hond eropspréngt. De Kontakt mam Hond, ob heemelen oder hien an den Aarm huelen, deet hinnen einfach gutt.
 
Am Allgemenge freeën d’Leit sech immens op de Kontakt mam Puzzle, sief et an der Grupp oder eleng. 

Hausdéiere sinn erlaabt

An der Maison des aînés Belle-Vue kënnen och d’Hausdéiere vun de Leit mat do liewen. D’Sandra Steffes präziséiert do, datt d’Hënn musse sozialiséiert sinn, sech mat den anere Muppen an dem Personal am Haus verdroen. Den Ament lieft een Hausdéier bei sengem Meeschter am Belle-Vue an een Hond kënnt den Dag iwwer bei säi Proprietär. D’Konditioun fir datt en Hausdéier do zu Iechternach erlaabt ass, ass datt ee sech selwer muss ëm et këmmeren. D'Déier muss och reegelméisseg geimpft ginn. Et muss och schonn e Plang B feststoen, wann ee sech selwer net méi oder zäitweileg ëm säin Déier ka këmmeren. Dëst alles gëtt an engem separate Kontrakt festgehalen.
 
An der Entrée vum Belle-Vue steet eng "Leckerlibox". D’Muppen, déi an d’Haus kommen, hunn dat och scho raus.