Och Kaze kënne Kommandoen ausféieren: A Costa Rica gouf eng Kaz erwëscht, déi mat Droge ronderëm de Bauch iwwer den Zonk vun engem Prisong gespronge war.

Déi schwaarz-wäiss Kaz wier deemno dëse Mount an engem Prisong am Kanton Pococi gepëtzt ginn, heescht et vum costa-ricanesche Justizministère en Dënschdeg. Um Kierper vun der klenger Kaz waren zwee Päck mat jeeweils 230 Gramm Marihuana a 67 Gramm Crack festgemaach, déi fir zwee Prisonéier bestëmmt waren.

Um Video vum Ministère gesäit een, wéi e Giischtjen iwwer den Zong klëmmt, fir d'Kaz anzefänken. Méi spéit gesäit een d'Kaz op engem Dësch am Prisong, wärend d'Giischtercher d'Päck vu sengem Kierper erofschneiden. D'Kaz koum dono bei en Déiereschutzveräin.