D'Douane hat den ongewéinlechen Accessoire bei engem 65 Joer ale Mann aus Moldawien entdeckt, deen d'Posch senger Fra als Kaddo schenke wollt.

Dat huet d'Douane e Freideg matgedeelt, d'Saisie gouf allerdéngs scho virun dräi Woche gemaach. Deemno ass d'Posch, déi aus dem Lieder vun engem streng geschützte Krokodil ugefäerdegt gouf, entdeckt ginn, wéi d'Beamten d'Handgepäck vum Mann kontrolléiert haten. Well den Import vun deem Lieder an Däitschland verbueden ass, gëtt elo géint de Mann wéinst Verstouss géint d'Bundesnaturschutz-Gesetz ermëttelt.

Wéi et weider vun der Douane heescht, huet d'Posch aus engem komplette Krokodil bestanen, och Kapp a Bee ware veraarbecht.