Alligatoränlecht Reptil a Waasserreservoir gesinn

© AFP
An Niedersachsen huet ee Foussgänger en ongewéinlecht Déier an engem Waasseropfaaangbecke gefilmt, dat do eendeiteg net higehéiert.
Am Becken, dat bei villem Ree soll d'Waasser opfänken, soll tatsächlech en Alligator oder en änlecht Reptil sinn. Dat huet d'Gemeng vu Vechta e Sonndeg matgedeelt.
De Video vum Zeie gouf aktuell "als echt" agestuuft.
D'Stad huet dowéinst decidéiert, d'Gebitt ronderëm dee Reservoir komplett ofzespären. Donieft goufen och Liewendfalen opgestallt, an der Hoffnung, d'Déier séier ze fänken. Si hunn en dréngenden Appell un hir Awunner geriicht, op kee Fall an d'Géigend vun deem Terrain ze goen. Net just fir d'Versich, d'Déier anzefänken, net a Gefor ze bréngen, ma och net sech selwer.
Et géif awer keng Gefor fir d'Bevëlkerung bestoen, gëtt anengems vun den Autoritéite verséchert. No den Zeienaussoe vum Foussgänger géif een dovun ausgoen, dass et sech nach ëm e jonkt Déier handelt. Et géif een och mengen, dass et en Alligator wier. Et hätt eng Ähnlechkeet domat an déi ergräife beim Kontakt mam Mënsch léiwer d'Flucht.