Den Nero an de Wotan kënne méi wéi illegal Substanzen erschnoffelen

© Administration pénitentiaire
An Zukunft hëllefen d'Muppen Nero a Wotan mat hiren Hondsmeeschter an de Prisongen zu Lëtzebuerg illegal Substanzen an onerlaabt Objeten z'erschnoffelen.
Wéi d'Administration pénitentiaire schreift, si schonn zanter 2022 zwee Hondsmeeschter mat hire Muppen an den dräi Prisongen uechter d'Land am Asaz. Hir Aufgab hätt sech souwuel a preventiver wéi och an ofschreckender Hisiicht erwisen an zu konkreete Resultater bei sëllege Saisie gefouert.
Nieft illegale Substanze goufen den Nero an de Wotan awer och op d'Erschnoffele vun Datenträger wéi Handyen oder USB-Sticken, déi an de Prisonge verbuede sinn, spezialiséiert.
Den Ament maachen d'Hondsmeeschter eng speziell Formatioun, déi vu Beamte vun der Hondsstaffel vun der Douane gehale gëtt.
Duerch den Asaz vun zwee weideren Hënn kann d'Hondsstaffel seng Presenz an de Prisonge verduebelen.

© Administration pénitentiaire