Wann et ëm Bierg-Rettunge geet, kënnen d'Bernhardiner elo Konkurrenz kréien... an zwar vun engem klengen Chihuahua.

Eng éischter aussergewéinlech Rettung huet sech leschte Freideg um Fee-Gletscher iwwer Saas-Fee an de südleche Schwäizer Alpen zougedroen, wéi den Déngscht Air Zermatt de Weekend matgedeelt huet. E Mann war mat sengem Chihuahua um Gletscher ënnerwee, wéi hien op eemol an eng aacht Meter déif Spléck gefall ass an de klengen Hond sou eleng um Bord stoe gelooss huet.

De Mann hat e Walkie-Talkie dobäi an huet et fäerdeg bruecht, Hëllef ze kontaktéieren. Mee d’Rettungsleit hate laang Problemer, fir d’Plaz vum Accident ze fannen.

"Et war schwéier, d’Accidentsplaz ze lokaliséieren, d’Gletscher-Uewerfläch war breet an d’Lach war bal net ze gesinn", sou Air Zermatt, de regionale Rettungsdéngscht aus dem Kanton Wallis.

Ee vun de Retter huet dunn eng kleng Beweegung op engem Fiels gesinn: den Chihuahua hat sech kee Millimeter vum Bord vun der Spléck ewech beweegt.

"Dank dem Hond sengem Verhale konnt d’Ekipp d’Accidentsplaz genee lokaliséieren", sou Air Zermatt weider. "D’Retter konnte sech ofseelen an de Mann retten."

"Et kann ee sécherlech soen, dass dem Hond säi Verhale staark derzou bäigedroen huet, dass d'Rettung e Succès war", sou de Resumé vun de Rettungsdéngschter.