Wann Dir eng Kéier net wësst, wat Dir Äre vegetaresche Gäscht als Haaptplat zerwéieren sollt, da kann ech Iech dëse flotten Teller empfeelen. De Plat ass relativ simpel ze maachen, gutt virzebereeden a schmaacht gutt bei kalen a naassen Deeg. Den Zellerie-Püree kritt duerch den Äppelesseg een herrlechen Goût dee ganz gutt mat der Rouder Rommel harmonéiert. Dobäi kënnt dann Thymian-Botter deem de Plat een nossegen Goût verleet, doduerch datt de Botter liicht gebrannt gëtt.

Virbereedungszäit: 30 Minutten 
Kachzäit: 1 Stonn 
Dauer: 1 Stonn 30 Minutten
Fir: 2 Persounen

Ingredienten
4 Rout Rommelen
400g Zellerie (Knoll)
25ml Äppelesseg
25-50ml Kachwaasser
4 EL Botter
5 Äscht Thymian an bëssen fir ze dekoréieren
Salz a Peffer

Zoubereedung
1. D’Rout Rommelen mat Waasser a Salz während enger Stonn kachen, bis se duerch sinn. Am waarme Waasser loossen bis se zerwéiert ginn.
2. Den Zellerie schielen an a Wierfele schneiden. D’Wierfelen an d’Waasser mat Salz wärend 10 Minutten kache loossen an ofschëdden. Dobäi bësse Waasser opfänken.
3. Den Zellerie mat Äppelesseg, Salz a Peffer püréieren a falls néideg bësse Kachwaasser dobäi ginn, bis eng cremeg Konsistenz entsteet.
4. De Botter an enger Kasserolle schmëlze loossen an den Thymian dobäi ginn. Während 5 Minutte bei mëttlerer Hëtzt goen loossen. Dobäi entsteet Schaum an de Botter fänkt un eng brong Faarf unzehuelen. D’Äscht vum Thymian eraushuelen a mat Salz ofschmaachen.
5. D’Rout Rommelen nach waarm schielen. De  Püree op zwee Teller verdeelen. Dorop d’Rout Rommelen leeën a mat Thymian-Botter a frëschem Thymian zerwéieren.