Rout Roudrommelszalot mat Pois Chiche an Blutorange

Weider op de Blog vum Jill: Kleines Kuliversum
Mat dëser Roudrommelszalot kritt Dir richteg Faarf op Ären Teller. Duerch d’Pois Chiche gëtt d’Zalot gutt siedegend an d’Blutorange gëtt der rouder Rommel ee séisse Goût. Dobäi nach e bëssen Thymian an den Plat ass perfekt.
Virbereedungszäit: 30 Minutten
Kachzäit: 1 Stonn
Dauer: 1 Stonn 30 Minutten
Fir: 2 Persounen
Ingredienten
8 kleng Rout Rommelen
2 Blutorangen
100g Pois Chiche, gekacht
1 Schallotte
6 Äscht Thymian
2 EL Wäisswäin Esseg
2 EL Olivenueleg
Zoubereedung
1. D’Rout Rommele mat Waasser a Salz während enger Stonn kachen, bis se duerch sinn. Ofkille loossen, schielen an a Spalten schneiden
2. Eng Blutorange an zwee schneiden, vun der enger Halschent de Jus auspressen, déi aner Halschent mat der Blutorange schielen an a Scheiwe schneiden.
3. Fir d’Vinaigrette den Jus vun der Blutorange mat Esseg mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Enner réieren den Ueleg dobäi schëdden.
4. D’Schalotte a kleng Wierfelen schneiden an bei d’Vinaigrette maachen.
5. D’Bluttorangen, d’Rout Rommelen an Pois Chiche mat der Vinaigrette vermëschen an op engem Teller uriichten. Mat Thymian garnéieren an zerwéieren.