Kornischongen-Réidercher-Peffermënz Zalot

Am Fréijoer fänken ech erëm un, Loscht op gutt an erfrëschend Zaloten ze kréien.
Weider op de Blog vum Jill: Kleines Kuliversum
Am léifsten hunn ech Zaloten, déi einfach a séier gemaacht sinn, esou wéi dës Zalot mat Kornischongen, Réidercher a frëscher Peffermënz. Dat ganzt gëtt mat salzegem Feta an Chiliflacken opgepeppt.
Tipp: Fir datt d’Zalot eng villfälteg Struktur kritt, hunn ech d’Réidercher an d’Kornischongen a verschidde grouss Stécker geschnidden an gehuewelt.
Virbereedungszäit: 15 Minutten
Fir: 4 Persounen
Ingredienten
1 grouss Kornischong
1 Bond Réidercher
1 TL Sesamkären
1 Msp Chiliflacken
2 EL Balsamicoesseg
2 EL Olivenueleg
8 Wierfel ageluechten Feta
Salz a Peffer
Peffermënz
Zoubereedung
1. D’Kornischong an d’Réidercher wäschen. Béid a Stécker schneiden an op engem Teller uriichten.
2. De Balsamicoesseg doriwwer schëdden, d’Sesamkären an d’Chiliflacken doriwwer streeën a mat Salz a Peffer wierzen.
3. De Feta ofdrëpse loossen an iwwert d’Zalot bréckelen.
4. Dat ganzt mat Peffermënzblieder garnéieren an nach ee Schotz Olivenueleg dropmaachen.
5. Direkt zerwéieren a gutt vermëschen.