Wësst Dir eigentlech datt et ganz einfach ass, Likör selwer ze maachen? De Beweis gëtt et hei!

Mat Rubbarb kann ee ganz einfach Likör maachen. Fiert eicht muss een doraus ee Sirop kachen an dono mat Alkohol no Wonsch mëschen. Ech hunn fir den Rubbarb Likör Wodka ausgesicht. Den fäerdegen Likör kann en dono puer oder mat bëssen Schampes gemëscht genéissen. A kleng Glieser gefëllt ass en och flott als Kaddo fir déi nächst Grillparty!

Tipp: Beim Kachen vum Sirop entsteet Rubbarb Kompott deen ganz gutt bei Wäffelcher oder op der Schmier schmaacht. Also net ewech geheien an den Kompott an engem Glas am Frigo lageren!

Virbereedungszäit: 24 Stonnen

Dauer: 15 Minutten
Fir: 600ml

Ingredienten

700g Rubbarb
300g Zocker
300ml Wodka

Zoubereedung

Den Rubbarb botzen an an 1 cm deck Scheiwen schneiden. Den Rubbarb an een Dëppchen maachen.

Den Zocker doriwwer schëdden an mat engem Deckel zoumaachen. Dat ganzt fir 24h am Frigo zéien loossen.

Den Rubbarb huet elo Waasser gezunn an dat ganzt gëtt elo an een Kachdëppen gekippt a wärend 15 Minutten kachen gelooss.

Den Rubbarb duerch ee Siff ginn an den Saft opfänken. Elo ass et eng Aart Sirop. Dësen ofkillen loossen an mam Wodka mëschen.

Den Likör an steril Fläschen fëllen an am Frigo lageren.


D’Jill kënnt aus dem schéinen Éislek. Vu klengem un, konnt d’Jill eng ganz gutt Kiche genéissen, ma richteg ugefange mat kachen huet et eréischt wou et vun doheem geplënnert aus.
Aus der Noutwennegkeet gouf et eng Tugend, a séier huet d’Jill sech zu enger leidenschaftlecher Kächin entwéckelt. Eng besonneschen Accent setzt d’Jill op déi lëtzebuergesch a vegetaresch Kichen. Villes mécht hatt selwer a kacht haaptsächlech nëmme mat Produiten déi och an der Saison ze fanne sinn.