Ierbessenzopp mat Peffermënz

Bei héijen Temperaturen kennt eng gekillten Zopp ëmmer gutt. D'Ierbessenzopp huet och nach Peffermënz dran, déi ganz erfrëschend wierkt. Esou ass dës Zopp eng wonnerbar Ofwiesslung fir de Summer.
Weider op de Blog vum Jill: Kleines Kuliversum
Virbereedungszäit: 5 Minutten
Kachzäit: 10 Minutten
Fir: 2 Persounen als Haaptplat, 4 Persounen als Entrée/Aperitif
Ingredienten
2 EL Olivenueleg
2 Schallotten
400g Ierbessen
400-500ml Geméisbritt
15 Blieder Peffermënz
Salz a Peffer
No Geschmaach fir ze garnéieren: Olivenueleg, Chiliflacken an Peffermënz
Zoubereedung:
1. Schallotte schielen an a kleng Wierfelen schneiden. Am Olivenueleg gutt ubroden a mat der Geméisbritt oofläschen.
2. D'Peffermënz an d'Ierbessen dobäi maachen an dat ganzt fir 5 Minutten kachen loossen.
3. Puer Ierbessen eraushuelen an op d'Säit leen.
4. Alles fein püréieren, falls et ze déckflesseg ass bëssen méi Geméisbritt dobäi ginn, bis déi gewënschten Konsistenz erreecht ass.
5. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an kal stellen, bis se zerwéiert gëtt.
6. D'Zopp kuerz virum zerwéieren an Zoppenteller uriichten an dat ganzt kann een dann nach mat engem Schotts Olivenueleg, Chiliflacken a Peffermënz, souwéi den Ierbessen garnéieren.