Kleines Kuliversum - Typesch Lëtzebuerg!
Nuddele mat Courgette Pesto

Wee selwer Courgetten doheem am Gaart huet, kennt de Problem sécher och: et kann een all Daag méi Courgetten plécken, wéi een der verschafft kritt. Dacks, gi se dann zu enger Zopp gekacht a fir de Wanter agefruer.
Hei weisen ech iech eng flott Alternativ wéi dir doraus een aromatesche Pesto maache kënnt.
Weider op de Blog vum Jill: Kleines Kuliversum
Ingredienten:
- 250g Nuddelen
- 1/2 Courgette
- 1 TL Salz
- 20g Pistazien
- 40g Parmesan
- 1/2 Zitroun, Saft
- 6 EL Olivenueleg, evt mei
- Salz & Peffer
Zoubereedung:
- Nuddelen no Packungsanleitung a Salzwasser kachen an dono oofdrëppse loossen.
- Courgette fäi raspelen a mat Salz an ee Sifft gin. Während 30 Minutten zéihen loossen. Sou gëtt d'Waasser aus der Courgette gezunn.
- Pistazien a Parmesan a kleng Stécker schneiden a mat dem Saaft vun enger halwer Zitroun püreiren.
- Elo souvill Olivenueleg dobäi maachen, bis eng cremeg Konsistenz erreecht ass.
- Zesumme mat den Nuddelen zerwéiren.
Am meeschte gelies